Radioen

On air

Notturno  |  Luke Temple - Don't Call Me Windy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Herbie Hancock - Watermelon Man

Sample vun der Woch

Herbie Hancock - Watermelon Man

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Den Hancock ass 1940 zu Chicago gebuer. No enger klassescher musikalescher Erzéiung um Piano, bréngt hie scho mat 22 säin éischten Jazzalbum bei Blue Notes eraus. Dorops hi gëtt de Miles Davis op hien opmierksam a stellt hie fir seng Band an. No enger Rei méi experimentellen Albume bréngt den Hancock 1972 säin 12. LP eraus: "Headhunters".

Hie brécht hei d'Barriären tëschent Jazz, Funk a Rock a bréngt mat dësem Album den Jazz-Fusion Genre an de Mainstream. Den Album zesumme mat senger neier Grupp The Headhunters ass gewollt popesch a war dem Hancock säi kënschtlereschen a kommerziellen Duerchbroch. Hie gouf och deementspriechend vun Jazz-Puriste kritiséiert. Et gouf schonn eng éischt Versioun vu "Watermelon Man" op sengem alleréischten Album "Takin´Off".

Et war eng Mëschung vu Blues mat Elementer vun R'n'b, Soul Jazz a Bebop. Dat war deemools ee méi klengen Erfolleg. 1973 hellt hien den Track nei op fir säin Album "Headhunters". Hie mixt hei James Brown a Sly Stone Aflëss mat senge fir deemools nei Synthesizeren. Den Intro besteet aus dem Perkussionist Bill Summers, deen a Béierfläsche bléist, eng Uspillung un Hindewhu, en traditionellt Instrument aus Zentralafrika. De Schwéierpunkt läit op dem rhythmeschen Zesummespill vun de verschiddenen Instrumenter, wéi de Synthesizer, d'Gittar, d'Drums an d'Bass, déi sech géigesäiteg quasi Froe stellen an drop äntweren.

Säin Afloss op den Hip-Hop war enorm. Hei dräi Beispiller aus dräi verschiddenen Epochen:

Den Dancehall Artist Super Cat huet dem Hancock säin Titel op sengem "Dolly My Baby" vun 1993 gesampelt. Kuerz drop koum de Bad Boy Remix dovun eraus, an niewent enger Strof vum Puff Daddy a vum 3rd Eye, an engem neie Refrain vun der Mary J Blige, war et och déi alleréischt Apparitioun vum Notorious BIG op engem Lidd.

En absolut rezent Beispill vun der Benotzung vum Sample ass vun der Rapsody op hirem Lidd "Whoopi (Feat. Reyna Biddy)". Dat war op hirem leschten Album "Eve" vun 2021. Si mëscht hei Trap-Aflëss mat an de Beat a schrauft en op bal 60 BPM erof.

E lescht Beispill kënnt aus der Zukunft. De Flying Lotus mécht eppes komplett Neies doraus a gënnt dem Hancock domat eng super Hommage. Säi "Putty Boy Strut" war op sengem "Until the Quiet Comes" Album vun 2012.