Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hang" vu Foxygen: Eng räif Grupp

Album vun der Woch

"Hang" vu Foxygen: Eng räif Grupp

Mat hirem véierten Album hu Foxygen ee verréckt, orchestralescht Wierk geschafe, dat sech wéi ee Rockmusical aus de 1970er Joren unhéiert. Dobäi ass och ee ganze Sympohnie-Orchester ze héieren.

auto_stories

2 min

"Foxygen" si bekannt dofir, alles anescht wéi zeréckhalend a bescheiden ze sinn. D’Band déi 2005 vum Sänger Sam France an dem Multi-Instrumentalist Jonathan Rado gegrënnt ginn ass, dréckt sech voller Drama an hirer Musek aus, a fäerten net dobäi hir Hänn knaschteg ze maachen oder sech ze ridiculiséieren. Et ass eng Rock-Attitude déi sech un de 60er a 70er inspiréiert, an d’Band qutescht aus därr Zäit moudesch Sounds eraus – awer op eng respektvoll a recherchéiert Art a Weis.

Op hirem neien Album "Hang" ass ee ganze Symphonie-Orchester ze héieren, mat Arrangementer vum Trey Pollard an dem Matthew E. White. Dat ganzt héiert sech wéi ee Rockmusical un, à la Rocky Horror Picture Show, mat ville Modulatiounen, Tempo-Wiesselen an Interluden. Eng ganz Palette vun Emotioune gi geschéckt musikalesch agesat ouni datt dat ganzt u Kohärenz verléiert.

"America", liicht kakophonesch

Den Titel "America", zum Beispill, geet mat enger donkeler Ouverture un, ier dann ee kitschege Chrëschtdags-Verse gespillt gëtt an dann iwwer verjazzten Interlude a skurril Film-Kompositioune geféiert gëtt. Et ass ee liicht kakophonescht Stéck dat déi villsäiteg a chaotesch amerikanesch Gesellschaft dokumentéiert. "On Lankershim" ass eng Country-Ballade, mat enger Pedal-Steel déi gutt am Hannergrond jéimert. Wéi de Rescht vum Album ass d’Stéck efficace zesummegestallt, an detailléiert an den analoge Sounds.

Dee ganzen Album ass weider relativ theatralesch. D'Keys an dem Sam France seng wëll Stëmm déi u Mick Jagger, David Bowie a Marc Bolan erënnert, gi vum Orchester intelligent begleet. "Hang" ass analog opgeholl ginn, anscheinend si keng Computere benotzt ginn. Dat ganzt gouf direkt op Band opgezeechent a gemixt. Gaaschtmuseker waren d’Lemon Twigs an de Steven Drozd vun de Flaming Lips.

Déi perfekt Limitt am Klang

Dem Sam France seng Texter maachen dacks net vill Sënn, et feelt liicht u Struktur, se sinn awer jiddefalls ënnerhalend. "Foxygen" huet 2012 hiren éischten Album mam Titel "Take the Kids off to Broadway" ënnert Jagjaguwar Records verëffentlecht, engem Label op dem och Bon Iver an Dinosaur JR. vertruede sinn.

Hir lescht Plack, den 2014 verëffentlechten "...And Star Power" war am Verglach zu deem neien ee gutt Stéck méi duerchgeknallt, musikalesch iwwerlueden an doduerch schwéier zougänglech. Mat "Hang" hu Foxygen déi perfekt Limitt an hirem Klang erreecht ier d’Musek an den iwwerflëssege Kitsch iwwerleeft. Et héiert een eng räif Grupp, déi hir wëll Natur anzeschätze weess an hir Energie mat Zouversiicht ausdrécke kann.