Den Damon Albarn, Frontmann vu Blur, soll déi meescht Demos fir den neien Album wärend enger Tour mat Gorillaz geschriwwen hunn, iwwert dat viregt Joer, seet de Pressetext. Hien erënnert sech: "Ech hunn a Konferenzraim opgeholl an hat dobäi ee wonnerbare Moment zu Montreal. Vis-à-Vis vu méngem Hotelszemmer war dëst fantastescht Wandbild vum Leonard Cohen."
Deem gëtt op der Plack och ee Song dediéiert, an dat ass d'Nummer 5, "The Everglades", genee an der Mëtt vum Disk. De Leonard Cohen stoung fir ee gewëssenen tragesche Realismus a senger Musek. Dës Plack otemt déi selwecht Loft. Mee wann de Cohen op sengem "You Want It Darker" senger Karriär Äddi gesot huet, wat genee ass et, wat Blur hannert sech loossen? D'Onbeschwéiertheet schéngt et, an den Idealismus.
Batterséisst Zesummekommen
All Member vun der Band e kuerze Commentaire zur Plack gedeelt. Jiddwereen een Eegenen, des Band schéngt am Moment keng gemeinsam Stëmm ze hunn. Den Damon Albarn gesäit d'Plack als "Nobiewen, eng Reflektioun vun dem, wou mir eis elo erëmfannen". De Coxon füügt dobäi, dass et mam Alter ëmmer méi wichteg gëtt, "mam richtege Gefill, mat der richteger Absicht" ze spillen". D'Plack géif de Museker hir Generatioun zeréckspigelen, mee hätt och genuch vum moderne Liewen a sech fir dass jonk Leit sech och dran erëmfannen." Dat modernt Liewen, dat war dach fréier eemol fir op den Tipp? Haut net anescht, mee mat de Joren akzeptéiert een.
Dem Albarn seng Iddie goufen zesummen, mat alle Bandmembere present am Proufraum ausgeschafft. Dëst ass eng Première a méi wéi 20 Joer fir eng Band, déi zanter 13 net méi vill zesummenhänkt. "Regreten aus dem mëttleren Alter, a wonnerbar Melodie gepaakt", titelt dann och den englesche Guardian seng Kritik, wou de Chroniker Alexis Petridis eng déif Midlife Crisis hannert dem Album senge groen Hoer wëll erroden.
"Et kéint een dës Lidder hei nostalgesch nennen, awer et gëtt kee rosege Glanz iwwer dëse Reflexiounen. Amplaz entscheet sech d'Band fir eppes méi Realistesches, Nostalgie vun där Zort, déi ee Véierzeg- oder Fofzegjäregen an der Nuecht waakreg halen. Si bidden heiansdo schwéier gewonne Wäisheet an erënneren drunn, dës Wäisheet an Ärem eegene Liewen z'applizéieren, anstatt se just auszedeelen."
Vum Damon un den Everyman
Et ass also eng sober Plack, déi d'Enttäuschunge vum Méi Al Ginn, aus der perséinlecher an eng méi universell Erfarung hiewe wëll. Dofir huet den Album eng Projektiounsfläch, eng Aart "Everyman", deen d'Moralstéck nolauschtert. Den Titel vum Album bezitt sech op den Darren "Smoggy" Evans, de fréiere Bodyguard vun der Band, deen de Moment fir de Frontmann Damon Albarn schafft. Den Albarn sot: "Den Darren ass vill Leit. Et ass e Bild vum Darren am Album, mee net um viischte Cover. Dat wollte mir am Ufank maachen, mee den Darren wëll guer net esou vill Attentioun." Här ass eben Här, mee trotzdeem réierend.
Um Opener, der Lead-Single "The Narcissist", spillen den Alban an de Coxon ee Fro-an-Äntwertespill zu hire vergaangene Suchtproblemer, déi och dat onstoppbart Selbstvertrauen, mat dem Blur hirerzäit vun enger klenger Clubband zu Stadiumstare gi sinn, auserneepléckt, bis kee gutt Hoer méi drun ass. Dat selwecht Theema gëtt op "St Charles Square" adresséiert, a resuméiert an de Wierder: "I fucked up ... every generation has its gilded poseurs." Ee gnadenlost Selbsturdeel, gemaach fir vum Nolauschterer net gedeelt ze ginn.
Alles dat kléngt elo dréchen, e bëssen traureg, oder "has-been". D'Perspektiv wiesselt awer séier, wann ee sech bewosst gëtt, wat Blur hätte kéinte maachen, an net gemaach hunn: Ee Reunion-Album mat engem Semblant vum ale Sound, zwou Singles, déi alen Hits gläichen an dem Versuch, sech villäicht mat engem leschten Hit ze veréiwegen... falsch Adress hei.
Am Plaz héiert een eng onwarscheinlech Méi, d'Wourecht ervirzeschielen aus Joren, déi aus dem Niwwel erauskommen an hir Schieter werfen. Et héiert een och d'Attentioun, déi an all Melodie gaangen ass, mat Instrumentatiounen, déi ëmmer just genuch vermëttelen, an ni ausuferen. Sief et den dreiwende Synth op Albert", oder Pads iwwert dem Walzer "Far Away Island", et kléngt richteg, an onpretentiéis, net méi, net manner. Um Enn ass et ee klassesche Sound, deen um Enn vum Album esouguer e bëssen an d'David Bowie Persiflage ofdreift.
Blur Hir "Mod" Plack?
D'Arctic Monkeys kommen engem hei an de Sënn, déi mat hirem Swing Feeling en änlechen Tournant geholl hunn, mee méi flippeg an den Texter, a méi erkennbar Retro an der Musek. Blur erschafen hei keng nostalgesch Stëmmungen, och wann se textlech mat der Vergaangenheet an d'Geriicht ginn.
Zéng Songs an eng relativ kuerz Lafdauer, an engem resignéierten, batterséissen Toun, et schéngt bal, dass des Lidder ëmsou méi tréischten, dass se keng Léisung proposéieren, fir de Passage vun der Zäit op eemol "ok" ze maachen oder ze behaapten, all d'Léiere wäre gezu ginn. Am Platz léisst d'Plack villes op, besonnesch och d'Zukunft vu Blur als Band, déi hei weder gerechtfäerdegt a gefeiert, nach fir dout erkläert gëtt. Als Bridder an der Misär, als Compagnonen op engem Wee, deen noutwennegerweis wéi deet, treffe sech Blur mat engem Geescht kloer wéi Glas, an esou ass och d'Plack.
D'Bün ass de Spigel
"Ech hunn an de Spigel gekuckt / Esouvill Leit stoungen do/ Ech sinn op se duergaangen / riicht an d'Scheinwerfer." Eng beréierend Plack, déi lyresch Déift mat engem modernistesche Sound verbënnt, deen dem Glamrock all Glënnere schéngt ewechzehuelen ze wëllen, dee genee wéi eisen Zäitgeescht, fréier Enthusiasmen demystifizéiert. Wéi ee Roxy Music Neonschrëftzuch, deen net liicht, wéi eng Zigarett, déi de Bowie net méi fëmmt, een Otemzuch, deen de Cohen net méi hëlt erzielt "The Ballad of Darren" am Fong vum Lassloossen, enger vun deene schwéierste Saachen am Liewen. De Pari, dat perséinlecht Liewen universal verständlech ze maache, geléngt domat, a wierkt op optimistesch Manéier der sozialer Mouvance entgéint, déi léiwer de Contraire mécht. Och an deem Sënn, am politeschen, ass "The Ballad of Darren" eng modernistesch Plack, an eng ganz fein kalibréiert.