Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et war emol en Neil-Young-Album ...

Musek

Et war emol en Neil-Young-Album ...

Wann an der Musekszeen Opreegung wéinst enger Plack entsteet, déi bal 50 Joer al ass - da muss se wuel vun engem ganz groussen Numm kommen. "Chrome Dreams" heescht den Album, deen de Kanadier Neil Young am Fong 1977 hätt sollen erausbréngen, deen awer elo eréischt de leschte Freideg offiziell op de Marché koum.

auto_stories

3 min

Déi eng fanne beim Raumen hir al Jumboskaart erëm, anerer einfach direkt emol e ganzen Album. Sou geschitt dëslescht beim kanadesche Museker Neil Young. "Chrome Dreams" heescht d'Plack, déi de leschte Freiden erauskomm ass, an déi am Fong schonn hätt sollen 1977 an de Butteker stoen. Et handelt sech heibäi ëm e sougenannten "Lost Album", also e verluerenen Album, deen zwar an de leschte 46 Joer ëmmer erëm a Form vu Bootleggen zirkuléiert ass, a villäicht dofir zu enger Zort Mythos gouf. Virun allem natierlech emol fir Neil Young-Fans.

Schonn zënter e puer Jorzéngte verëffentlecht de mëttlerweil 77-järegen Neil Young reegelméisseg Onverëffentlechtes aus sengen Archiven, notamment Live-Opnamen, an eben och divers verlueren Albumen.

Net onbedéngt Neies, mee Bekanntes a verännerter Form

De Grond, firwat "Chrome Dreams" an den 1977 verluer goung, hat eppes mat deem grousse Succès ze dinn, deen den Neil Young zënter Enn der 1960er genéissen duerft. Engersäits mat Buffalo Springfield, dono mat Crosby, Stills, Nash and Young, awer och als Solo-Artist. Innerhalb kierzter Zäit huet hie Klassiker geschriwwen an opgeholl wéi "Heart of Gold", "Cowgirl in the Sand", "Down by the River" oder "The Needle and the Damage Done", fir nëmmen déi ze nennen.

Nodeem säin Album "Harvest" 1972 zu engem Klassiker gouf, deen op eemol an all guddem Plackeschaf stoung, hat den Neil Young de Wonsch, nei Weeër ze fannen. A wie sicht, dee fënnt net ëmmer. Villes wat an de Joren dono erauskoum, ass nëmmen iwwer Ëmweeër entstanen.

Munch Titele goufe verworf, oder anescht kombinéiert - dofir fënnt een déi meescht Stécker, déi elo op Chrome Dreams an der Tracklist stinn, och op anere Placken erëm, a liicht anere Versiounen an eben an anere Kontexter. Hei entdeckt een also net onbedéngt Neies, mee éischter scho Bekanntes a liicht verännerter Form. Déi klassesch Singer-Songwriter-Erzielung "Pocahontas" an dat rockeg "Sedan Delivery" fënnt een um 1979er Album "Rust Never Sleeps". "Star of Bethlehem", "Will to Love", oder "Like a Hurricane" koumen um Enn awer 1977 eraus, awer an enger anerer Zesummestellung op der éischter duerchwuessener Plack "American Stars'n'Bars".

Eng speziell Websäit fir Fans

Spannend ass dat Ganzt natierlech an éischter Linn fir d'Fans, déi däerfen nämlech rätsele wéi dem Neil Young seng Discografie vun Enn der 1970er un wuel geklongen hätt, wier Chrome Dreams tatsächlech erauskomm. Fir seng Fans oder déi, déi er elo eréischt duerch dës Plack ginn, huet den Neil Young iwweregens eng eege Websäit geschaf, am adequate Retrolook, wou een als Abonnentin oder Abonnent kann no Häerzensloscht am Museker sengen Tiräng kromen a lauschteren. A vläicht fënnt een do jo souguer dem Neil Young seng al Jumboskaart.