"Ticket to Fame" heescht den Debutalbum vum Duo Decisive Pink, mee déi zwou Musekerinnen hunn nawell schonn e wéineg Fame. Hannert dem Projet stiechen déi russesch Art-Pop Kënschtlerin Kate NV an déi amerikanesch Indiemusekerin Angel Deradoorian, déi hir Karriär an der Band Dirty Projectors gestart huet.
Een Album, deen hypnotiséiert
An hei hunn sech der zwee wierklech fonnt. Den Afloss vu béide Kënschtlerinnen ass ganz kloer eraus ze héieren. D'Kate NV war fir de musikaleschen Deel zoustänneg, wärend sech d'Angel Deradoorian ëm d'Texter gekëmmert huet, an dat ganzt ass zu engem immens duerchdriwwenen, hypnotiséierenden Album erugewuess, deen, wéi d'Musekerinne selwer soen, op Eskapismus a Verzauberung setzt.
Entstanen ass den Album gréisstendeels zu Köln, wou ee gemeinsame Kolleeg vun deenen zwee ee Studio huet. Woubäi Studio et villäicht net ganz trëfft. Ee "Spaceship" voller aler analoger Synthesizer, seet d'Kate NV, a wien déi russesch Kënschtlerin kennt, dee weess, datt si sech hei wuel gefillt huet wéi ee Kand am Spillsaachebuttek. Den Album ass dann och staark vun 80s-Synthesizer gepräägt. Zum Beispill de Song "Destiny"
Gesellschaftskritesch a verspillt
De Fokus läit de Kënschtlerinnen no op der tëschemënschlecher Kommunikatioun an dësen ongewëssen an onstabelen Zäiten. Soss gëtt et awer och nach méi direkt a sozialkritesch Commentairen, zum Beispill am Lidd "Dopamin", wat den Horror an Exzess vum impulsive Konsum thematiséiert. Gesellschaftskritesch awer och immens verspillt a mat engem gewësse clin d'oeil.
Béid Musekerinnen hunn och gesot, datt Humor eppes war, wat si zesummebruecht huet, an dat ass dem Album unzemierken. Deelweis sinn et ganz absurd, dadaesque Kompositiounen,wéi zum Beispill de Song "Potatoe Tomatoe", an deem déi zwee ausschliisslech mat der Prononciatioun vun dësen zwee Wierder ronderëm spillen.
Et ass immens eklektesch Musek, mee se bléift gréisstendeels am 80s-Kosmos mat vill J-Pop- an Electropo-Elementer. Et kann een awer och Krautrock à la Neu oder Kraftwerk eraushéieren, a souguer dem Beethoven seng néngt Symphonie ass vertrueden am Lidd "Ode to Boy".