Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Stëmm, zerbriechlech wéi Tumbleweed

Americana

Eng Stëmm, zerbriechlech wéi Tumbleweed

"Heart Song" ass der Jess Williamson hiren zweete Long-Player. Dës intimistesch Plack verklanglecht déi texanesch Wüstelandschaft. Als Nolauschterer riskéiert een d'Orientéierung ze verléieren.

auto_stories

2 min

Eng zeréckgehale Batterie, Reverb-gelueden Telecaster, ee volle Bass, an der Jess Williamson hir raucheg, zerbriechlech Stëmm, déi wéi Tumbleweed iwwert eng Wüstelandschaft wandert. Dës stëmmeg Instrumentatioun charakteriséiert deen éischter kuerzen 7-Titel Album "Heart Song" vun der texanescher Musekerin.

Eng Plack, déi sech vu klassesche 50er-Jore Wüstesounds inspiréiert. Allerdéngs op eng immens subtil an intim Manéier. All Instrument fënnt seng Plaz am raimleche Mix, an deem der Jess Williamson hire Gesank mat der Begleedung perfekt harmoniséieren.

D'Singer-Songwriterin hëlt sech vill Zäit, fir datt d'Lidder sech entfale kënnen. Duerch di melancholesch Tempoen a Stëmmungen verléiert ee gären d'Orientéierung. Dësen eegenaartegen Album verféiert een als Nolauschterer.

2014 gouf der Jess Williamson hiren éischten Album "Native State" verëffentlecht. Dofir hat si deemools hiren eegene Label "Brutal Honest" gegrënnt. Och "Heart Song" koum am November hei eraus.

Maturéiert Lidder

An der Museks-Branche gëtt momentan alles gemaach fir den Nolauschterer op kuerz Dauer duerch iwwerluede Mixen ze fesselen. D'Jess Williamson beweist, wéi mat engem simplen, direkten Toun vill méi erreecht ka ginn. Natierlech muss een der Saach awer och eng Chance ginn.

"Heart Song" ass ee meditativen, melancholeschen Album. An hiren Texter stellt d'Jess Williamson hir Relatioun zu der Bequemlechkeet vun doheem a Fro. Si beschäftegt sech mat verluerene Léiften an enger Analys vun hiren Emotiounen.

Déi siwen Titelen huet déi texanesch Musikerin schonn zanter engem Joer op Concerte gespillt, éier si an de Studio gaangen ass. Doduerch haten d'Stécker Zäit ze maturéieren. Amplaz eppes Neies ze kreéieren, ass et der Jess Williamson op "Heart Song" dorëms gaangen déi live Dynamik festzehalen.

Den Album ass zu Austin am Texas vum Erik Wofford direkt op Band opgeholl ginn. De Wofford huet ënnert anerem dem Bill Callahan säin Album "Dream River" produzéiert.

"Heart Song" ass eng couragéiert Plack, déi d'Stäerkte vun der Vulnerabilitéit ënnersicht. A wéi vast, simpel Klanglandschaften een unzéie kënnen.


Der Jess Williamson hiren Album "Heart Song" ass den Album vun der Woch vum 2. Januar 2017 um radio 100,7.