Radioen

On air

De Weekend  |  Andy Shauf - Quite Like You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng metresch Präzisioun, déi matgerappt huet

Klassik

Eng metresch Präzisioun, déi matgerappt huet

Schumann, Tomasi a Bruckner: déi dräi Komponiste stoungen de leschte Sonndeg zu Saarbrecken um Programm vun der Concerts-Matinée vun der Deutsche Radiophilharmonie Kaiserlautern Saarbrécken. Ënnert der Direktioun vum Mario Venzago huet beispillsweis d'Prestatioun vum franséischen Trombonist Fabrice Millischer iwwerzeegt. Ee Réckbléck op dëse Concert, deen den 100,7 zesumme mam SR2 live aus der Congresshalle iwwerdroen hat.

auto_stories

3 min

Et kéint een d’Stéck Ouverture, Scherzo a Finale vum Robert Schumann als eng Sinfonie ouni luese Saz bezeechnen. Esouguer de Schumann huet eng Zäit als seng zweet Sinfonie bezeechent. Allerdéngs wou de Schumann et dem Leipziger Editeur Hofmeister et weidergëtt, bezeechent de Komponist et selwer als eng Suite, bei deem een d’Sätz onofhängeg vun enee spille kéint.

Dem Mario Venzago seng Interpretatioun huet sech typesch am Geescht vum Schumann unhéieren: Eusebius und Florestan! Also genee wéi dem Komponist seng zwou Fantasiefigure mat zwou ënnerschiddleche Siichtweisen. Liicht a Schiet, oder wéi de Schumann et selwer schreift: “Florestan den Wilden, Eusebius den Milden”... mat herrlechen delikate Straicher, déi d’Liichtegkeet vun engem nach jonke Schumann ausstrahlen.

Fabrice Millischer, eng Prestatioun vu Weltklassniveau

Tromboneconcerti an engem Klassikprogramm si seelen. De franséische Komponist Henri Tomasi war bekannt fir seng tonal, attraktiv a wuel e bëssen exotesch ugehauchte Musek. An esou huet dësen Tromboneconcerto vun 1956, villes och vun der Gebuertsstad Marseille vum Komponist tounlech verkierpert. Eng Pièce an dräi Mouvementer am typesche franséische Stil mat vill Eleganz, an den Echo vun typescher populärer Stroossemusek.

Solist war de Fabrice Millischer, ex-Solo Trombonist vun der Deutsche Radiophilharmonie, deen hei zeréck bei säi fréieren Orchester koum, fir dem Public an der Congresshalle säin Instrument an all senge räiche Klangfaarwe virzestellen. D’Prestatioun vum Solist war exemplaresch. Ob klassesch zäitgenëssesch Motiven, lyresch Passagen am zweete Saz, oder nach e verstoppte Bluesstil am drëtte Saz: dem Fabrice Millischer seng solistesch Demonstratioun war vu Weltklassniveau. Säin Instrument Trombone huet wuel jiddereen iwwerrascht. D’Präzisioun vum Orchester war um Rendez-Vous bei dëser komplex-rhythmescher Partitur, déi de Public zum Standing Ovation ugereegt huet.

De Manuel Ribeiro huet sech nom Concert mam Soliste Fabrice Millischer ënnerhalen:

Interview Fabrice Millischerplay_arrow

Symphonie “die Nullte”, vum Anton Bruckner

Tëscht Januar an September 1869 entsteet aus der Fieder vum Anton Bruckner zu Wien eng Sinfonie en re Mineur. Séier huet de Komponist säi Wierk ëmmer méi kritesch ugesinn, dëst eleng schonn duerch eng Ausso vum Haffkapellmeeschter Otto Dessoff, deen dem Bruckner seng Sinfonie kritiséiert an net verstanen huet, wat mat där Partitur ze maache wier.

Zwee Joer drop zitt den Bruckner seng Partitur zeréck a notéiert drop “Annulirt” a schreift eng duerchgestrachen Null drop. Et ass eréischt 1924 am Kader zum 100. Anniversaire vum Bruckner, datt dës Sinfonie integral uropgefouert gouf am Klosterneuburg. Dat selwecht Joer gouf d’Stéck publizéiert.

Den Dirigent Mario Venzago, dee sech als e “Brucknerianer” bezeechent, huet dës Sinfonie “Die Nullte” éischter méi “kammermusikalesch” gesinn. An anere Wierder huet hien d’Besetzung vun der Deutsche Radio Philharmonie net iwwerdriwwen, mee vun de Straicher an Holzbléiser méi “kleng” besat.

Eng metresch Präzisioun, déi ee matgerappt huet

Mee näischt vum kolossale Bléck op d’Gattung Sinfonie vun engem Bruckner huet bei dëser Prestatioun gefeelt. Wann hei och nach net alles esou breet a laang wéi an de spéidere Sinfonie vum Bruckner ausgeschriwwen ass, sinn awer all déi typesch Elementer vum Komponist herrlech verschafft.

Originell Theme mat Variatiounen, e Choral am zweete Saz, dee vum Orchester wéi e lyrescht Gebiet un eng himmlesch Entitéit sech riicht. Den drëtte Saz Scherzo huet de Venzago als e wëlle Kontrast zu deem rouegen zweete verstanen, mat perfekte Blech- a Paukenasätz. Eng metresch Präzisioun, déi ee matgerappt huet. Genee esou de Finale vun der Sinfonie, déi de Public zu engem immens laangen an intensiven Applaus verleet huet.