Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech-rechtlech Museksaarbecht als Multiplicateur

Radioslandschaft

Ëffentlech-rechtlech Museksaarbecht als Multiplicateur

An engem Rapport huet d'EBU d'Contributioun vum ëffentleche Radio a senge Museksaktivitéiten zu der europäescher Wirtschaft chiffréiert. Et ass déi éischte Kéier, datt dat geschitt.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / dolgachov

Den Exercice ass pertinent, d'Rhetorik vun den Debaten iwwer de Service Public ass meeschtens eng, déi sech op d'Ausgabe fokusséiert, wéi op d'Einnamen. Et ass méi vu sozialer Verflichtung rieds wéi vu wirtschaftlechem Notzen, seet de Generaldirekter vun der EBU, den Noel Curren.

Nieft dem onchiffréierbaren Notzen, deen dem Bierger duerch d'Lauschtere vu Musek zoukënnt, ass awer grad de positive wirtschaftlechen Impakt vun ëffentleche Radioen net ze vernoléissegen. Dat weist d'Etüd vun de Wirtschaftsanalyste bei Oxford Economics iwwerzeegend.

Dräi Niveauen

Dräi Niveaue vun Impakter goufen a Consideratioun gezunn: den direkten Impakt betrëfft zum Beispill den Emploi, deen dës Haiser generéieren, sief et an hirer Käraktivitéit oder a konnexen Organisme wéi Radiosorchesteren, Chéier an Ensembelen.

D'Roll, déi ëffentlech Medie bei de Produite vun der Museksindustrie spillen - als Abnehmer vu Musek, Generateur vun Auteursrechter oder als Promoteur zum Beispill - fält ënner déi indirekt Impakter. Een drëtten Niveau rechent och de Kaf vu Material a Servicer an d'Kafkraaft vun den Employéë mat an.

50.000 Aarbechtsplazen hänken dovun of

D'Method entsprécht där klassesch-quantitativer, wéi se an anere Wirtschaftszweiger genee esou benotzt gëtt, a féiert zu éischter iwwerraschende Resultater. Wéinstens 50.000 Aarbechtsplazen hänken an Europa vun ëffentlech-rechtleche Radioen of, dat sinn der dräi Mol esouvill, wéi dës Haiser selwer astellen.

D'Contributioun zum europäesche PIB läit bei 3,15 Milliarden Euro. Wann ee bedenkt, datt de ganze PIB vun der EU 2019 bei 13.94 Trillioune louch, gesäit dat no wéineg aus, mee et ass vill méi, wéi een dem Secteur bis elo, ouni Zuelen à l'appui, zougemooss huet.

De Spektrum iwwer Kommerzielles a Bekanntes eraus erweideren

D'Etüd wäert sécher dobäi hëllefe Regierungen a Wieler mat haarde Fakten de Wäert vun hirem Investissement an den ëffentleche Radiodéngscht nozeleeën. Et ass awer och just ee klenge Complement zum qualitativen Impakt, deen den ëffentleche Radio op d'Liewensqualitéit vun de Bierger huet.

Och déi sozial Roll vun der Musek kann een net ënnerschätzen: wat ëffentlech Chaînen hei zum Museksbusiness bäisteieren ass eng Ouverture op nei, nach net kommerziell erfollegräich Museken a Stiler, déi net nëmmen nei kommerziell Nischen opmécht, mee och nei Leit zum Museklauschtere bréngt, an deenen, déi schonns Museksfrënn sinn, Horizonter erschléisst.

Dës Diversitéit ass dee gréissten Atout, mengt de Graham Dixon, Head of Radio bei der EBU:

(..) the broadcasting organizations have now assumed the role of cultural patronage shaping and leading taste, and helping all audience members to explore new sounds, working across genres from classical rock, pop and emerging styles. And of course, they can do this because of the special way which public service media is funded, where the priority is not immediate rating success. And this means that risks, editorial and artistic, can be taken by engaging less established bands and emerging musicians, or composers at the start of their careers. This develops the cultural capital of the country. Investing in the performers also means giving inspiration to listeners. And this is complemented by many educational projects, organized by our Members, in which new talents, nurtured by public media, begin to make their own economic contribution to their societies (..).