Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een nationale Präis fir d'Musek

Zeremonie vum 1. Lëtzebuerger Musekspräis an der Rockhal

Een nationale Präis fir d'Musek

Gëschter Owend gouf an der Rockhal den éischten nationale Musekspräis verginn. De Präis gouf vum Kulturministère an d'Liewe geruff an éiert all Joers eng Perséinlechkeet aus der Musek fir hiert Liewenswierk, ëmfaasst awer och weider Lëtzebuerger Musekspräisser a fënnef verschiddene Kategorien, sief et op oder hanner der Bün.

auto_stories

3 min

De Sall war gutt gefëllt, esou datt seen der Kulturministesch Sam Tanson hir Wierder, dëse Präis wier op expresse Wonsch vun der Lëtzebuerger Musekszeen organiséiert ginn, gär wëllt gleewen.

Et wier awer och, esou d'Ministesch weider, datt een der schneller Professionalisatioun an Diversifikatioun vun der Musek zu Lëtzebuerg wéilt Rechnung droen, an dat net nëmmen als kreativ Aventure, mee och als Entreprise.

De Jury war dann och zesummegesat aus diverse Vertrieder am Beräich. Ënner der Jury-Presidentin, der Concertspianistin Cathy Krier, hu sech d'Kommunikatiounsresponsabel Tiffany Saskia aus der Philharmonie, den Thierry Hick vum Lëtzebuerger Wort, de Labelgrënner André Neves an de Journalist Jamie Reinert vum radio 100,7 beroden.

De Pierre Cao, éischte Laureat vum nationale Musekspräis

De groussen, nationale Präis fir d'Liewenswierk goung un de Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker, Dirigent a Komponist.

Seng Karriär goung un als Orchesterdirigent, dorënner zéng Joer beim deemolegen RTL Orchester. Mat der Zäit huet hie gemierkt, datt dat net dat Richtegt fir hie wier. En huet verschidde Vokalensemblen zu Lëtzebuerg an der Ëmgéigend geleet an den Institut Europeen du Chant Choral INECC matgegrënnt.

Säin internationale Ruff ass op vill Plackenopnamen a Concerte begrënnt. De Cao, deen haut säi 75. Gebuertsdag feiert, ass zur Zäit kënschtleresche Leeder vum Chouer Arsys-Bourgogne an de Rencontres musicales vu Vézélay am Frankräich. Ervirgehuewe gouf och säi pedagogeschen Asaz um Stater Conservatoire an an diverse Meeschterklassen.

Seng Reaktioun op de Präis war et, "Feliz Navidad" am Sall unzestëmmen, an esou alles ze soen - ee Mann, deen d'Leit ëmmer zum Sange brénge kann. No der Iwwerreechung huet de Pierre Cao reagéiert an erkläert, firwat grad d'Chouermusek him esou um Häerz läit - de Repertoire wier et, deen hie verfouert hätt.

De Maz ass ee Live-Hit

An der Kategorie "Op der Bün" gouf de Lëtzebuerger Rap-Museker Maz fir seng rezent Live-Concerte belount, déi vu musikaleschem Kënnen, Intensitéit enger extremer Generositéit beséilt sinn.

De jonke Museker war sichtlech vun dëser Unerkennung beréiert. A weidere Kategorien huet de Jury den Cellist Benjamin Kruidhof, d'Big Band OPUS78, d'Museksmanagerin Stephanie Baustert an d'Produktiounsfirma Beast ausgezeechent.

Déi grouss Schéier, déi sech tëschent de representéierte Museksgenren a -stiler opmécht ass fir d'Presidentin vum Jury, d'Pianistin Cathy Krier, ee schéint Ome fir d'Zukunft vum Lëtzebuerger Musekspräis.

D'Soirée gouf moderéiert vun der Jazz-Sängerin a Schauspillerin Sascha Ley an eisem eege Mike Tock a musikalesch ënnermoolt vum Gilles Grethen Quartett an der Indie-Rock Band Francis of Delirium.

D'Resonanz an déi onpretentiéis Presentatioun vum éischten nationale Musekpräis doen op eng schafferesch a motivéiert Lëtzebuerger Musekslandschaft schléissen, an daer net nemmen d'Efforten, mee och d'Resultater ëmmer méi derwäert sinn, erausgedroen ze ginn.