Och dës Kéier presentéiert si hire ganz eenzegaartegen an eklektesche Pop, dee sech aus ganz villen Inspiratiounen zesummesetzt. D'Jessy Lanza nennt d'Janet Jackson, d'Missy Elliot, den Timbaland awer och japanesche Synthpop aus de 70er als Influenzen, mee hir Musek ass dann awer nach däitlech méi club- an electro-orientéiert, wéi dat. Wat der Jessy Lanza hire Sound auszeechent, ass dat hei verschidde Genren ewéi RnB oder Soul a Funk mat elektroneschen Aflëss verschmëlzen. Definitiv ee relativ maximalisteschen Usaz.
D'Jessy Lanza selwer bezeechent den Disk als Vertrauenssprong. Si ass vun der kalifornescher Bay Area op L.A. geplënnert an dësen Uertswiessel huet och ee Mentalitéitswiessel no sech gezunn. Op "All the Time" war d'Jessy Lanza nach däitlech méi schei an manner straight-forward an hiren Texter, wat ee vum neien Disk nu wierklech net ka behaapten.
Et gëtt kierperlech an emotional
Ee Sujet, deen a verschiddene Songs ëmmer nees opdaucht, ass weiblech Loscht a Sexualitéit, an hei wéist sech d'Jessy Lanza ganz affirmativ an afuerderend. Do wieren zum Beispill d'Stécker "Don't Cry on my Pillow" oder "Casino Niagara" déi sech ëm d'kierperlech an emotional Bedürfnisbefriddegung dréinen. Oder nach méi markant de Song "Marathon", an deem d'Lanza hire Lover zu kierperlechen Héchstleeschtungen opfuerdert, wat ee ganz emanzipatoresche Charakter kritt. An natierlech dierf an sou engem sënnleche Song och de Saxophon-Solo net feelen, deen d'Jessy Lanza hei selwer iwwerhëlt.
Et kann ee séier d'Gefill entwéckelen, datt "Love Hallucination" ee richtegen Empowerment Album ass. D'Jessy Lanza huet och verroden, datt si méi gewot huet, well vill vun de Songs eigentlech fir aner Artisten an Artistinne geschriwwe goufen an dat der Musekerin erlaabt huet, méi ze experimentéieren.
Mee et ginn och Momenter vu Selbstzweifel oder Angscht um Album. Direkt am éischte Song "Don't Leave me Now" séngt d'Jessy Lanza iwwer ee Virfall, bei deem si bal vun engem Auto ugestouss gouf an dono sech eng Zäit net méi virun Dier getraut huet. Oder och de relativ plakative Song "I hate Myself", an deem d'Musekerin dës Zeilen ëmmer nees widderhëlt, wat a Kombinatioun mat den douce Klangtexturen een interessante Kontrast produzéiert.