Wien elo vun deem, virun allem fir folkeg a psychedelesch Kläng bekannten Trio, Elektronesches erwaart, dee gëtt enttäuscht. Hir Musek bleift am Kär retro an nostalgesch. Et denkt ee plazeweis un d'Beatles oder un den Donovan, awer och un déi opwenneg Sträicher- a Bléiserarrangementer, wéi een se beim Nick Drake oder der Nico héiere konnt. MacLean, Keen an Hornsey ginn éischter an de Jazz, d'Klassik oder bei de Bossa Nova léinen, wéi datt si sech un aktueller Indiemusek géifen inspiréieren. De Computer huet hinne virun allem d'Méiglechkeet ginn, Couchen a Couchë vu Kläng iwwerteneen ze leeën, an esou déi psychedelesch Säit vun hirem Sound méi staark ze betounen.
Eng Rees an d'Vergaangenheet
Verluer ginn d'Lidder ënner all deene Couchen awer net: d'Arrangementer sti symbolesch fir eng Rees an d'Vergaangenheet, déi den Texter Alasdair MacLean an den 19 Stécker ënnerhëlt. Hie bliedert hei zeréck bis an d'Joer 1997, dat Joer, an deem seng Mamm verstuerwen ass, an et ass hiren Dout, deen hien op dësem Konzeptalbum thematiséiert. Tëscht dem Verloscht an dem Verschaffen ass also ganz vill Zäit vergaangen, an och dat si Couchen, déi hie fir d'éischt a senger Erënnerung ofgedroen huet, fir se an der Musek erëm opzeschichten.
Den Titel "I Am Not There Anymore" bezitt sech op den zentralen Thema vun der Plack, awer net nëmmen. An engem Interview zum neien Album sot de MacLean: "It's that feeling of not being there. What's really been in all The Clientele records is a sense of not actually inhabiting the moment that your body is in." Tëscht Gëschter a Muer an awer net ganz am Haut.
Datt si sech trotz dem eeschten Hannergrond vum neie Wierk selwer net ze vill eescht huelen, beweisen si am Video zur éischter Singleauskoppelung "Blue over Blue", wou si probéieren a Ritterrüstungen ze spillen. Dat spigelt gläichzäiteg dat indirekt vun hirer Musek erëm, dat liicht Anachronistescht - an awer och hir Fäegkeet, sech deem Decalage bewosst ze sinn an domat ze jongléieren.
Gläichzäiteg traureg a komplex
Sou geléngt et hinnen, datt een op "I Am Not There Anymore" Titele fënnt, déi gläichzäiteg traureg a komplex sinn, awer dofir näischt vun hirer Schéinheet a Liichtegkeet verléieren, wéi zum Beispill "Lady Grey" oder "Chalk Flowers". Nieft Lidder am klassesche Popformat fënnt een um Album och eng ganz Rei instrumental Interluden, heiansdo vervollstännegt duerch Field Recordings oder geschwaten Texter. Dës Extraite sollen et erméiglechen, tëscht den deelweis méi emotionale Stécker kuerz Loft ze huelen.
"I Am Not There Anymore" ass e Konzeptalbum, deem säi Konzept sech beim Nolauschteren tatsächlech vum Plackenteller op de Publikum iwwerdréit. Et léisst ee sech mathuelen op eng Rees an d'Erënnerung, bei där sech artistesch a perséinlech Referenze vermëschen an zu engem Ganze ginn, dat da méi ass wéi just eng Suite vun 19 Titelen, mee ee musikalescht Erliefnes u sech.