Radioen

On air

De Moien  |  Janet Jackson - Got 'Til It's Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diddelenger Organist spillt mam LSO

London Symphony Orchestra

Diddelenger Organist spillt mam LSO

Den Alessandro Urbano sëtzt haut den Owend (20.09) um Spilldësch vun der Uergel an der Philharmonie, wann de London Symphony Orchestra (LSO) ënner der Direktioun vum Simon Rattle dem Gustav Mahler seng zweet Sinfonie interpretéiert. Hie wier ganz opgereegt a frou iwwer dës schéin a wäertvoll Geleeënheet, sot den Organist am 100,7-Interview. Méi nervös, wéi bei anere Concerte, wier hien awer net.

auto_stories

2 min

Den Alessandro Urbano an der Philharmonie.

Den Alessandro Urbano wier bei all Concert e bëssen nervös, dat géif net changéieren. Bei dësem Projet wier et virun allem d'Emotioun, un esou engem groussen a schéine Projet bedeelegt ze sinn, déi dominéiert.

Den Titularorganist vun der Diddelenger Kierch gouf vum LSO just fir de Concert zu Lëtzebuerg engagéiert, déi ganz Tournée suivéiert hien net.

Fir dësen eenzege Concert ze preparéieren, hat den Alessandro Urbano nëmmen zwou Prouwen. Eng ganz eleng, fir sech mam Instrument ze familiariséieren, an eng zesumme mam Orchester. Dës kuerz Virbereedungszäit gesäit den Organist awer positiv:

"Ech denken esou bleift d'Spontanitéit beim Spillen erhalen."

Faarf an der Lautsäerkt

Den Alessandro säin Asaz ass ganz zum Schluss vum Gustav Mahler senger zweeter Sinfonie. Thematesch gesinn ass et den Ament vun der Operstéiung a musikalesch ass et den Héichpunkt vun der Sinfonie.

Deementspriechend grouss ass deem Ament och de Klang: Niewent engem voll besaten Orchester an der Uergel ass dann och e Chouer ze héieren. Ëm de Volume geet et dem Alessandro Urbano bei dësem Passage awer net:

"Et dierf net drëms goen, haart ze spillen, mä faarweg. Natierlech ass et en immens haarden Ament - et ass deen häertste vun der Sinfonie -, et ass virun allem awer dee faarwegsten, dee feierlechsten. Gezwongenermoosse muss ech ganz haart spillen [...], mä [de Klang] ass vun aller Roserei an aller Gewalt befreit. Et ass virun allem eng Ouverture a Richtung Himmel."