Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi 8 Acts vum "Screaming Fields" 2023

Festival

Déi 8 Acts vum "Screaming Fields" 2023

De Screaming Fields gëtt zanter 2010 vum Rocklab an der Rockhal organiséiert. De Festival sicht, begleet an ënnerstëtzt nei, jonk Artist:innen an der Lëtzebuerger Musekszeen. D'Claudine Muno an de Marc Clement stellen déi aacht Acts vir, déi um Screaming Fields Festival dëse Samschdeg, 8. Juli an der Rockhal wäerte spillen.

auto_stories

5 min

Fulvous

Fulvous hu sech no engem besonnesch bronge Faarftoun am Fell vun Déiere benannt. Hir Drummerin ass hinnen zougestouss, well de Concert mat Backing Tracks einfach net geklongen, a kee Spaass gemaach huet. Si sinn et gewinnt, alles eleng ze maachen, hu gären déi méi rockeg Lidder, vermëttele gäre Positives. Mat dräi F-Schüler an der Band ass de Fakt, datt si eréischt aacht Méint zesumme spillen, schnell a Perspektiv gesat, an alleguer wëlle si spéider am Museksberäich schaffen. An hiren Texter ass d'Léift Tromp, an esou munch Relatioun gëtt do auseneegepléckt, et sief da si schreiwen, wéi beim Screaming Fields Song Contest iwwert d'Hoffnung op eng besser Zukunft.

Lauschterenplay_arrow

Zana

Zanter dem Alter vu sechs Joer ass d'Musek ee festen Deel am Laurie Zdana hirem Liewen. D'Participatioun um Screaming Fields krut si vun hirem Label Beast nogeluecht, am feste Bestriewen, hir Karriär an hire Public ze erweideren. Am houfregsten ass déi schei Musekerin dorop, hir Virbehalter iwwerwonnen ze hunn. Datt si elo als vulnerabel, mee selbstbewosst Kënschtlerin hire poppegen R&B mat Aneren deele kann, ass hir déi gréisste Freed.

Lauschterenplay_arrow

Gone Machado

Dem Gone Machado säi Rap kënnt vun enger déiwer - an traumatescher - Plaz. Opgewuess an engem batteraarme Slum a Portugal, hat hien et och zu Lëtzebuerg net einfach. A senge selwer gemaachen Tracks schwätzt de produktive Museker Rassismus an Diskriminatioun un, ouni ee Blat virun de Mond ze huelen. Ënnert sengem Rimm huet hien ënnert Anerem Concertserfarungen zu London, wéi och d'Musek zu zwee Filmprojeten hei zu Lëtzebuerg. An der Rockhal ze spillen ass scho laang een Dram vum Rapper.

Lauschterenplay_arrow

Ninon

Bedroom-Pop am richtege Sënn vum Wuert mécht déi Lëtzebuerger Musekerin Ninon. Si komponéiert Text, hëlt op, a produzéiert hir Titelen eleng an hire véier Wänn, well et hir wichteg ass, d'Kontroll iwwer all Aspekt vun hirer Aarbecht ze behalen. Doraus entsteet e Stil, deen op déi grouss Virbiller wéi Billie Eilish verweist, an deem awer och déi klassesch Strukture vum Pop opgebrach ginn, fir just der Logik vum Gefill nozegoen.

Lauschterenplay_arrow

Marcy

Mat "Johnny", hirer musikalescher Hommage un d'1980er, ass der Lëtzebuergescher Songschreiwerin Marcy en Hit gelongen, deen net just Nostalgiker*inne begeeschtert. Déi studéiert Fotografin huet esouguer hir Ofschlossaarbecht iwwer d'Ästhetik vun den 1980er Jore geschriwwen - e Joerzéngt, dat si selwer guer net erlieft huet a wat dofir och esou einfach ze idealiséieren ass, wéi si am Interview erkläert. Op ee Genre limitéiere wëll si sech awer net: nodeem si rezent hire Studium ofgeschloss huet, ass si lo gespaant wat fir Iwwerraschungen d'2020er nach fir si parat halen.

Lauschterenplay_arrow

Skuto

Mat Battle-Rap huet hien ugefaangen, mëttlerweil schléit de Skuto och aner Téin un. Säin Hip-Hop ass mat der Zäit méi melodesch ginn, an zënter datt de Suessemer zu Wien studéiert, gehéieren och Texter op Däitsch zu sengem Repertoire. Fir de Screaming Fields bréngt hie vu Wien Lëtzbuerger an däitsch Musekerkolleege mat op Lëtzebuerg fir eng éischte Kéier mat Live-Band opzetrieden.

Lauschterenplay_arrow

Culture the Kid

Just ier de Matteo Griz Wolff alias Culture the Kid Lëtzebuerg a Richtung London verléisst, fir um Institute of Contemporary Music Performance all déi verschidden Aspekter vum Museksbusiness ze studéieren, mécht hien nach eemol Statioun um Screaming Fields. Hip-Hop ass seng Museksrichtung, säin Uleies ass ze weisen, wéi villfälteg dee Genre ka sinn.

Lauschterenplay_arrow

Sempervirent

Iergendwou tëscht dem Papp senge Judas Priest a Metallica-Placken, dem grousse Brudder senger Virléift fir Nu Metal, an der Mamm, déi am Auto Nirvana opleet, hunn déi véier jonk Museker vun der Band Sempervirent hire Stil fonnt. Dat Besonnescht un der Formatioun ass, dass jidder eenzele ganz eege Virléiften huet, an aus deenen ënnerschiddleche Genre um Enn eppes ganz Eegenes gëtt.

Lauschterenplay_arrow