Radioen

On air

Concert  |  Empire Of The Sun - Somebody's Son Feat. Lindsey Buckingham

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De musikalesche Grenzgänger

Sot emol

De musikalesche Grenzgänger

Seng Begeeschterung fir de Country a Western-Genre entdeckt de Buffalo C. Wayne scho ganz fréi: Bei den amerikaneschen Noperen héiert hien als Kand fir d'éischt déi Musek, déi fir hie wäert zu enger Liewensphilosophie ginn.

auto_stories

3 min

Als Claude Weber kënnt hien den 23. Februar 1953 op d'Welt, dëst Joer duerft de Museker also seng 70 Käerzen ausblosen. Ënner sengem Kënschtlernumm Buffalo C. Wayne kann hien awer nach e ronne Gebuertsdag feieren. Viru genee 40 Joer koum seng éischt Single eraus, "Willie, Waylon and Me" an zënterhier ass hien ni midd ginn, Country an all senge Facetten op d'Bün, awer och op d'Plack ze bréngen, emol mat méi Rock-, mol mat méi Swing- oder och nach Jazz-Influenzen. Am Gespréich zielt hien, dass sech de Lëtzebuerger Publikum awer fir d'éischt emol schwéier gedinn huet, mat där neier Musek.

"D'Leit hu sech net interesséiert fir dat wat gelaf ass op der Bün. Haaptsaach si waren zesummen, si hu geschnësst an esou weider. Si hu probéiert d'Musek ze iwwertünche mat hirem Geschwätz. An dat ass mir natierlech e Liewe laang net gaangen. Ech hunn ëmmer gesot: Ma nondikass, du bass dach keng Museksbox! (...) Si mussen dach e Respekt hu virun deem wat s du mëss, du hues esou laang geprouft an et lauschtert keen der richteg no. Ausser wann dann esou e Satifsaction komm ass vun de Stones, da sinn se all op d'Danzpist gesprongen!"

Säi Publikum huet hie fir d'éischt emol op den amerikanesche Militärbase fonnt - an dono an de Vereenegte Staaten.

"Wann ech an Amerika gespillt hunn, do war eng aner Disziplin. Du hues natierlech den Ënnerscheed ob s de e Fest spills mat GIs, mat Zaldoten, déi och emol frustréiert sinn, do geet et méi rau erof. Mee wann s de a Clubbe spille gees, a Music Clubs, do kommen d'Leit, si setzen sech, do ass Gepoters, et gëtt gedronk an esou weider a vun der éischter Nout déi s de spills ... you can hear a pin drop. Dann ass et roueg."

Experimentéierfreedegkeet als Liewensastellung

Gezweiwelt huet de Buffalo C. Wayne un der Richtung, déi hien ageschloen hat, awer ni. Och dorunner war indirekt déi amerikanesch Famill Schold, nieft där hien zu Ettelbréck opgewuess ass. Si hunn hien net nëmme mat Placke versuergt, mee him och Lektioune fir d'Liewe mat op de Wee ginn.

"Ech konnt mech deemools net richteg entscheeden, wat maachen am Liewen. Meng éischt Occupatioun war et Infirmier ze ginn, well meng ganz Famill, déi waren all Infirmieren iergendwou a si wollten, datt och ech e steady job géif unhuelen. (...) Meng amerikanesch Mamm huet dann ëmmer gesot: Probéier all dat ze maachen, wat der an de Kapp kënnt an dann experimentéiers de dat, an da weess de herno am Liewe wat s de ni méi wëlls maachen."

Dass de Buffalo C. Wayne op alle Fall mat der Musek de richtege Wee fir sech ageschloen hat, beweist d'Tatsaach, datt him och mat mëttlerweil 70 Joer d'Iddien net ausginn. Mat "No Boundaries" huet hien am Juni en neien Album virgestallt.