Radioen

On air

Tockcity  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Maz vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

Showcase Festival

De Maz vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

De Maz vertrëtt Lëtzebuerg am Januar beim Eurosonic Festival, dat op Invitatioun vum radio 100,7. Et ass dee gréissten europäesche Showcase Festival. D'Museksbranche trëfft sech all Joer an der hollännescher Stad Groningen, fir nei Talenter ze entdecken. Den Optrëtt kënnt zu engem wichtege Moment am Maz senger Karriär.

auto_stories

2 min

De Maz. Foto: Marie Romanova

"De Schluss vum Ufank vu menger Karriär", esou beschreift de Maz seng aktuell Stëmmung. Seng Musek géing elo an eng nei an nach méi seriö Phase erakommen.

E potentiellt Sprangbriet fir eng international Karriär

Den Optrëtt um Eurosonic kéint e Sprangbriet sinn, a seng Karriär op internationalem Niveau ze lancéieren:

"Et bedeit mir mega vill. Jiddereen an der Museksindustrie weess, datt dat do en immens wichtege Gig ass. Jidderee probéiert dohinzekommen fir gréisser Opportunitéiten ze kréien, fir déi richteg Leit kennenzeléieren."

Mat der Pandemie wier zwee Joer Sendepaus gewiescht. Dëst Joer wier dogéint e ganz gutt Joer fir de Maz gewiescht: "Saachen, un deenen ech déi lescht Jore geschafft hunn, déi fänken elo u sech ze bestätegen", esou de Rapper.

Positiv Opreegung fir de Festival am Januar

Obwuel de Festival nach e puer Méint ewech ass, géingen d'Nerven scho liicht kribbelen: "Wat gutt ass, ass dass ech virdrun nach eng kleng Tour spillen, mech also gutt ka waarm spillen an nach Zäit hunn fir mech ze preparéieren."

Suerge géing hie sech net fir de Concert maachen, d'Opreegung wier positiv.

Mat sengem dynamesche Live-Set zesumme mat sengem Kolleeg an Drummer Rick, huet de Maz dëst Joer fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Doriwwer eraus soll an noer Zukunft eng nei EP an eenzele Singelen verëffentlecht ginn.

Neien Album kënnt d'nächst Joer

De Maz wier den Ament amgaang, ganz vill verschidde Stiler auszeprobéieren:

"Heiansdo ass et e bësse méi haart, heiansdo méi soft, heiansdo méi gefillsvoll, heiansdo méi lässeg. Ech freeë mech dat der Welt a menge Fans ze weisen".

En neien Album wier och an der Maach, deen d'nächst Joer erauskomme soll.

Als Member vun der European Broadcasting Union ass de radio 100,7 um Festival bedeelegt. All Joer designéiert d'Museksredaktioun eng Band oder Solo-Artist:in, déi beim Eurosonic kënnen optrieden.

De Festival leeft tëscht dem 18 an 21 Januar 2023 zu Groningen.