Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mark E Smith ass dout

Museks-Legend

De Mark E Smith ass dout

auto_stories

1 min

De Mark E Smith ass dout. De legendäre britesche Sänger ass e Mëttwoch am Alter vu 60 Joer gestuerwen. De Mark E Smith huet 1976 d'Post-Punk-Band The Fall matgegrënnt. Hie war deen eenzege Member, deen déi déi ganz turbulent Bandgeschicht iwwer ëmmer Deel vum Line-Up war.

D'Band huet 32 Albumen erausbruecht. Virun allem wéinst hirem exzentresche Frontmann hat The Fall Kult-Status erreecht. Dem Mark E Smith säi granzegen an dacks onverständleche Spriechgesang ass legendär. Op Concerten huet hie seng Museker an de Publikum net seele vernannt.

The Fall haten a leschter Zäit eng Rëtsch Concerte wéinst dem Mark E Smith sengem Gesondheetszoustand missten ofsoen.