Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof wënnt den éischte Präis

Georges-Enescu-Concours zu Bukarest

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof wënnt den éischte Präis

Gëschter Owend (8.9.2022) war d'Finale vum Cellosconcours beim internationale Georges-Enescu-Concours zu Bukarest. Dräi Museker stoungen an der Finale. Um Enn setzt sech de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof duerch, deen ënner der Presidence vum David Geringas mat senger Interpretatioun vum Concerto vum Antonin Dvorak iwwerzeegt huet.

auto_stories

1 min

D'Finalisten vum Concours: Constantin Siepermann, Benjamin Kruithof, Constantin Borodin (v.l.n.r.)

De Benjamin Kruithof huet de Jury ënner der Presidence vum David Geringas mat senger Interpretatioun vum Concerto vum Antonin Dvorak iwwerzeegt. Den zweete Präis kritt de Constantin Borodin aus Modawien, den drëtte Präis geet un de Constantin Siepermann aus Däitschland.

Fir de jonke Lëtzebuerger Cellist geet domadder eng Aventure op en Enn, déi ganz spontan ugefaangen hat. Wéi d'Ausschreiwung vum Concours war, hat de Benjamin Kruithof sech eréischt op Dirängele vu sengem Professer op der Universität der Künste zu Berlin, dem Jens Peter Maintz, fir de Concours ugemellt. Well de Museker déi Zäit scho vill aner Engagementer hat, war d'Virbereedung relativ knapp an deemno streng organiséiert.

Am Juni stoung d'Resultat vun der Halleffinalle: De Benjamin Kruithof hat sech als ee vun zéng selektionéierte Musekerinnen a Museker fir déi leschte Ronnen vum Georges-Enescu-Concours 2022 qualifizéiert. Et blouf dunn d'grouss Vakanz, fir sech op dës Etapp virzebereeden, wat eng ganz intensiv Zäit fir de Cellist war.

Den éischte Präis vum Georges-Enescu-Concours ass mat 15.000 € dotéiert. Grad esou wichteg wéi de Geldpräis ass fir de Benjamin Kruithof awer och déi grouss Opmierksamkeet, déi elo op en duerkënnt: vill Gespréicher mat Manager, Concertsorganisateuren an Engagementer.