Blur hate keng gutt Press am Joer 1992, a ware finanziell a Schwieregkeeten. Bei hirem Label haten si eng gréisser Schold stoen, well hire Manager deen een oder anere Bock geschoss hat. Dat ee Joer nodeems hiren Debut "Leisure" vun de Kritiker gelueft a vum Public guer net esou schlecht opgeholl gi war. Mee näischt, wat hirer Reputatioun als Liveband an der englescher Haaptstad gerecht gi wier.
America is Rubbish
Mat engem gréisseren Hype ronderëm hiren Numm hu Blur no engem Wee gesicht, hir Verloschter erëm auszegläichen. D'Léisung war anscheinend eng US-Tournée mat 44 Daten, déi dat verluerent Geld erëm eraspille sollten. Wéineg wosste Blur, datt hiren dann dach anglozentresche Sound de grad komplett Grunge verléiften Amerikaner um Allerwäerteste laanschtgoe sollt. Et huet och net gehollef, datt Blur, a besonnesch de Frontmann Damon Albarn, an de Staaten no Doheem verlaangert hunn an op der Bün oft e bëssen ugrëffeg eriwwerkomm waren.
Wou déi gehaassten, deier Tournée endlech fäerdeg war, ass et doheem mat der Pechsträhn weidergaangen. Obwuel theoretesch méi wéi gutt agespillt gouf, hu sech Blur misse vun hire Konkurrente Suede un d'Mauer spille loossen. Bei engem Beneficeconcert am Londoner Town an Country Club am August vun deem Joer ware Blur besoff an net besonnesch, wat hire Label Food Records dozou animéiert huet, de Sak zouzezéien. "Rappt iech zesummen a fänkt an engem Mount mat der Aarbecht un der neier Plack un, soss war et dat hei", war de Message.
Am September '92 hu Blur also brav ee Studio gebucht, fir vum Oktober un dee gefaarten 2. Album opzehuelen, dee bekanntlech bei deene meeschte Bands floppt. Den Titel, dee si fir d'Plack gewielt hunn, gëtt och d'Stëmmung vun der Band zeréck, "Modern Life is Rubbish", dat modernt Liewen ass Offall.
De Chef vun hirem Label, David Balfe, krut déi nei Songs am Studio virgespillt, ier d'Opname lass goungen a sot ouni Verschéinerung et wier kee Su wäert, ee kommerzielle Suidice. Den Damon Albarn sollt wéinstens zwee nei a konvenabel Songs schreiwen, fir datt d'Singleauskopplungen an dréchenen Dicher wieren.
Blur loossen sech fléiwen
"Chemical World" a "For Tomorrow" waren dës Songs. Och wann d'Band gegrommelt huet, hu si der Tracklist genee dat gi wat hir gefeelt huet. Datt de Rescht vum Material, ausserhalb vum Potenzial fir Singleverwäertung, och exzellent war, huet de Balfe schlau fir sech behalen, oder villäicht wéinst der Band hirer schlechter Form net erkannt.
Dat wat Blur doropshin am Studio fäerdegbruecht huet, sollt jiddwereen iwwerraschen. Eng Plack mat engem vollen, energesche Sound, vitale Melodien, interessanten Akkordfollgen, a witzegen Texter. Déi éischt Singleauskopplung, "For Tomorrow" weist de Wee. Sträicher, a weiblech Background Sängerinnen - all déi Saachen, déi ee Label ordonéiert, wann en net iwwerzeegt ass. Blur hir nei Kinks inspiréiert an elo scho bal expresseg onamerikanesch kléngend Richtung huet d'Leit paff gelooss. De Song koum op d'Nummer 15 vun de britteschen Charts. Ee mediokert Resultat fir eng Band, déi zwee Joer virdru jiddweree op der Nummer 1 wollt gesinn. Mee d'Geie ware manner verschwent, wéi gemengt.
Genee wéi all Lidder op "Modern Life is Rubbish" , gouf de Jugement vum deemolege Public vu spéideren Nolauschterer korrigéiert. Virun e puer Joer gouf op der Blur Website eng Ëmfro gemaach, wéi eng Lidder de Fans am Beschte gefalen, an dat hei war op Nummer 5. Gutt gealtert.
"Chemical World" koum den 28. Juni als zweet Singleauskopplung vu "Modern Life Is Rubbish" eraus, a weist nach eemol op dat kräftegt Ouerelaangzéien hin, datt Blur no hiren éischten Erfolleger gebraucht hunn, fir bei der Saach ze bleiwen, a sech net am Glamour ze verléieren.
Hiren Amerikanesche Label SBK Records hat bei den Englänner eng Amerikanesch Single "nobestallt", nodeems beim ursprénglechen Albummaterial näischt Gefälleges dobäi war. Donieft huet sech SBK iwwert der Band hire Wëllen ewechgesat an am Platz d'Album Versioun aus de Studio Sessioune léiwer d'Demo Versioun nei verschafft huet, déi Blur geschéckt haten. Dës Opname goufe vun de Produzente Clive Langer an Alan Winstanley nei verschafft, a quasi wéi Ausserierdescher op déi amerikanesch Versioun vum Album geprafft.
Vade Retro, Produzent!
Egal wéi eng Versioun een elo lauschtert ass de Song senger Zäit viraus. Wat am Ufank wéi d'Geschicht vun engem Party Girl aus der Stad kléngt, dat ee Stalker huet, analyséiert sech komesch prophetesch. Beobachtung, Geldmaacherei mat mënschlecher Loscht, drogenaartege Suchtpotenzial an zwee Personnagen, ee Pay-Me Girl an ee Peeping Tom, sinn Aspekter déi sech haut wéi ee Commentaire iwwer déi däischter Säite vum Internet a vun de soziale Medie liesen. Dat alles just ee Mount nodeems MESH, deen éischten Online Browser, erauskoum. Blur waren entweder gutt informéiert, an dat bis op akademesch Niveauen, oder an den Zäitgeescht "geschalt" wéi kaum eng aner Band zu hirer Zäit. Warscheinlech war et bësse vun deenen Zwee.
Wou Blur ugefaangen hunn un hirem zweeten Album ze schaffen, hu si den Andy Partridge als Produzent gewielt. De Partridge war onzefridde mat de Lidder, mee hat Sympathie fir d'Band, a wollt sech dem Projet unhuelen. De Bassist Alex James huet des ganz kuerz Sessiounen als katastrophal beschriwwen.
Eng zoufälleger Reunioun mam Produzent Stephen Street, dee virdru mat der Band op hirer 1991 Single "There's No Other Way" geschafft hat, huet den Ophuelprozess erëm ugehäit. Mam Street hu Blur einfach déi Songs opgeholl, déi si tëscht hirem Debut Leisire an elo geschriwwen haten. D'Membere vun der Band waren zefridde mat de Sessiounen.
D'Lidder op Modern Life is Rubbish gruewen an enger Rei vu verschiddene Stiler, all beaflosst vum traditionelle Gittarpop vu brittesche Bands wéi de Kinks, the Jam, the Small Faces, an the Who. Melodesch a plüschesch arrangéiert mat Sträicher, Bléiser an Hannergrondgesang, notzt den Album seng tonal Varietéit fir dem Albarn seng sozial Satire iwwer d'Liewen an den englesche Faubourgen zum Liewen ze erwächen.
"Resigned", dee leschten Track op Modern Life Is Rubbish, erfëllt seng Roll perfekt a stréckt eisen Déjà Vu Album zesummen. Wat Blur iwwer d'Plack als erkennbar an iwwerzeegend Klangiwwersetzung vum engleschen Alldagsliewen, mat senge Sujeten a Marotten opbauen, kann hei leie gelooss ginn, am Wëssen, datt och nom Enn vun der Nuecht am Pub, an trotz dem Erakrauche vun der Modernitéit de Sonndes-Lunch wäert zervéiert ginn.
De Paul Hempel attestéiert dem Blur Frontmann Damon Albarn bei dëse Skizzen den Humor vum Ray Davies (vun de Kinks) an d'Batterkeet vum Paul Weller (vun the Jam). D'Plack ass ee Klassiker fir d'Englänner, ee Portrait vun hirer Gesellschaft kuerz ier den Internet sech an se eraschmuggelt, a fir anglophiller iwwerall an der Welt een englesche Bléck op Problemer, déi aneschtwou net anescht sinn a waren.
Tournée vu Blur zur Plack huet gutt funktionéiert, net nëmme well dësen Album live eng Freed muss gewiescht sinn, mee och well Blur hei schonn déi nei Tracks vun hirem kommenden Album Park Life matgespillt hunn, deen hiren Erfolleg an hir Stëmm sollt zementéieren. An der Dageszeitung Guardian stoung 1994: "ee Joer nodeems Blur als ze manéierlech, ze retrograd an ze Englesch ofgedoe goufen, gouf Parklife aus genee deene selwechte Grënn adoptéiert."
Als Museksfrënn muss een awer net dem momentane Succès vun enger Plack hannendru lafen. Déi meescht Blur-Fans wielen net Park Life mee wuel "Modern Life is Rubbish" als hire Favorit aus der Band hirer Diskographie.