Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Uergel an der Abteikierch Neimënster

Klassesch Musek

D'Uergel an der Abteikierch Neimënster

1705: Ee Joer an deem sech vill gedoen huet: Am Hellege Réimesche Räich stierft de Keeser Leopold I.a säi Jong iwwerhëlt den Troun. A Spuenien ass e Krich am Gaang, den Isaac Newton gëtt zum Ritter geschloen an zu Lëtzebuerg gëtt eng Uergel gebaut.

auto_stories

3 min

Ganz kloer, vu wiem a wéini genee d'Uergel an der Abteikierch Neimënster gebaut gouf, ass et haut net méi. Zwar taucht ëmmer nees den Numm Jean Nollet op, mä ob dat den ursprénglechen Uergelbauer war, ass ongewëss. No engem Relevage ass d'Instrument elo nees an engem Topzoustand a steet bei engem "Week-end d'orgue" am Mëttelpunkt.

Eng Raritéit

De Paul Breisch, Doumorganist an der Kathedral, spillt beim Uergel-Weekend vum 2. bis de 4. Februar an der Abteikierch Neimënster um iwwer 300 Joer alen Instrument. Esou al Uergele géif et zu Lëtzebuerg relativ wéineg ginn. An der Méchelskierch an am Grond wieren nach zwee al Gehaiser. Fir de Rescht géifen zwar klassesch Uergelen existéieren, dat wieren awer méi nei Instrumenter, déi nom ale Virbild gebaut goufen, seet de Paul Breisch.

Fir datt esou eng al Uergel haut ëmmer nach spillbar ass, muss all 20 bis 30 Joer e sougenannte Relevage gemaach ginn. E risegen Opwand, bei esou engem groussen Instrument, seet de Paul Breisch:

"Esou eng Uergel ass eppes wéi en zwee-stäckegt Haus, wat och nach eng gewëssen Déift huet. Dat heescht do sammelt sech am Laf vun 20 oder 30 Joer allerhand Knascht a Stëbs un."

Iwwerall do wou d'Loft derduerch bléist, muss d'Uergel gebotzt ginn. Do dernieft gëtt d'Mechanik kontrolléiert, d'Päifen ënnersicht an ofschléissend muss dat ganzt Instrument nees gestëmmt ginn.

Ee Bléck an d'Mechanik

Alles Original

Ofgesi vun e puer klengen Ännerungen ass d'Uergel nach an engem originalen Zoustand, seet de Paul Breisch. Et hätt ee mëttlerweil natierlech elektresch Luuchten, wou fréier Käerzen dra gehaangen hätten. Dëst wier vill manner geféierlech.

Donieft gëtt de Blosballeg mëttlerweil elektresch bedriwwen, fir datt een d'Loft net all Kéiers manuell duerch Instrument beweege muss, wann en Organist spille well.

"Hei hu mer wierklech alles wéi deemools [..] bis hin zur Kierch mat deene wonnerschéinen Altär. An engem gewësse Sënn - wann ee bis d'Dier hannert sech zou huet - mengt een et wier een am 18. Joerhonnert."

Den Altor an der Abteikierch Neimënster © Neimënster

Typesch franséisch

Vum Opbau hir ass et eng Typesch franséisch Uergel, mat ganz vill verschiddene Klangfaarwen, déi vun enger Trompett bis hin zu der Imitatioun vun enger mënschlecher Stëmm ginn. Deementspriechend ass et och déi franséisch Musek déi am Beschten op dëser Uergel kléngt, wéi de Paul Breisch mat engem Extrait aus dem François Couperin senger "Messe pour les Couvents" beweist: