Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arend Herold, neien Direkter vum INECC

Chouergesank

Arend Herold, neien Direkter vum INECC

Vun dësem Freideg un ass den Arend Herold offiziell neien Direkter vum Institut Européen de chant choral (INECC) als Nofolger vum Camille Kerger, deem seng Aarbecht hie wëll weiderféieren, allerdéngs mat neien Akzenter. Déi aktuell Musek ass e grousst Uleies vum neien INECC-Direkter.

auto_stories

2 min

"Dat do interesséiert mech wierklech", sot sech den Arend Herold, wéi d'Plaz vum Direkter beim INECC ausgeschriwwe gouf. Fir den diploméierte Schoulmuseker, dee sech a sengem Beruffsliewen ëmmer nees mat pädagogesche Projete beschäftegt huet, deen een net manner fervente Chouersänger ass, war et séier kloer, datt e sech fir de Poste géif mellen.

Antëscht hat den Arend Herold d'Geleeënheet, als Interim d'Banneliewe vum INECC schonn eng Grëtz kennenzeléieren. "Selbstverständlech kann een an där Positioun nach keng nei Iddien ëmsetzen, éier e weess, wéi de Verwaltungsrot sech décidéiert." Nodeems déi Fro elo gekläert ass, geet et drëms, nei Projeten z'entwéckelen.

Wat fonctionnéiert, dat bleift

Den Arend Herold mécht kee radikalen Ëmbroch beim INECC. Säi Virgänger Camille Kerger hätt Villes an d'Wee geleet, wat gutt leeft, ëmmer nees Iddien op Tapéit bruecht, Ouverturen no bausse gemaach mam Resultat, datt den INECC haut eng enorm villfälteg Offer un Aktivitéiten huet. Dorunner soll am Fong net gefréckelt ginn.

"Et ass wichteg, op Demande vu baussen ze reagéieren", seet den Arend Herold. An do gëtt et vun deene jonke Leit, déi sech fir Chouergesang begeeschteren, de Wonsch, sech méi mat dem aktuelle Pop-Repertoire ausenanerzesetzen. An där Perspektiv huet den INECC d'Crush Vocalband gegrënnt, déi grad dëse Beräich soll ofdecken. Eng aner Initiative, déi an déi selwecht Richtung geet, ass d'Grënnung vun engem Jazz-Chouer.

Formateur an Initiateur

Den INECC huet vun Ufank un op d'Formatioun vu Chouersänger an och Dirigenten op allen Niveaue gesat an och ëmmer nees eege Chouerprojeten entwéckelt, déi sech da lues a lues emanzipéiert hunn. Den Ensembel Canto LX an den iwwerregionale Robert-Schuman-Chouer sinn där Kanner vum INECC. An déi Kanner wëll den Arend Herold an Zukunft nees méi enk un den INECC ubannen. "Dës Ensembele verdéngen déi beschtméiglech Ënnerstëtzung, a mir brauchen si als Iwwergang, als éischt Instanz vun enger professioneller Carrière als Chouersänger."

Den INECC wëll sech awer net nëmmen op Projetschéier fokusséieren, op Ensembelen, déi ad hoc zesummekommen. "Ech gleewen net, datt Projetschéier eng nohalteg Zeen begrënne kënnen", seet den neien Direkter, den Arend Herold. Wichteg ass him duerfir och de Kontakt mat der lokaler, traditionneller Chouerzeen. An och do wäert den INECC Aktivitéite weiderféieren, déi en mat deenen zwee grousse Museksverbänn, der UGDA an dem Pius-Verband, an och mam Stater Conservatoire organiséiert. "Ech komme selwer aus dem klassesche Chouer-Repertoire, dee mer net vernoléissege wäerten", seet den Arend Herold.