"Mir hu scho Villes héieren, vu Post-Hardcore, iwwer Post-Rock bis Math-Rock. Awer mir hu selwer ni eise Stil definéiert." Awer d'Museker vun Antifragile si pragmatesch. Dat wat op der Affiche steet, géif och ëmmer passen.
Um Ufank hätte si instrumental Musek gemaach. Awer beim Prozess vum Songwriting wier kloer ginn, datt si ee Sänger misste rekrutéieren.
Déi nei EP wier scho virun iwwer zwee Joer entstanen. Wéinst dem Studium vun deenen eenzele Museker wier d'Verëffentlechung ëmmer nees verréckelt ginn. "Lo hu mir déi Saach einfach mol an d'Hand geholl." Zënterhier géif d'Band sech allerdéngs ëmmer méi vun der CD léisen an nei Stécker schreiwen. Och stilistesch géif do eng Verännerung geschéien. Déi nei Wierker géife méi homogen kléngen.
Antifragile gesi sech als engagéiert Band. Vum Anti-Atom-Concert um Greenpeace Schëff bis bei T-Shirten, déi fairtrade, bio a vegan sinn, géif ee probéieren d'Welt sou z'ënnerstëtzen, wéi ee kéint. D'Texter an de poppege Gesank géifen déi méi komplex Musek accessibel maachen. "Et geet ëm Léift an Herz-Schmerz an Zesummenhalt."
E Samschdeg, den 21. Januar presentéieren Antifragile hiren éischten EP an de Rotonden. Informatiounen: http://rotondes.lu/agenda/details/event/antifragile-album-release-night/