Radioen

On air

Notturno  |  Wild Beasts - The Fun Powder Plot

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ All-or-Nothing oder Repetitioun?

Album vun der Woch

All-or-Nothing oder Repetitioun?

"Every Day like the last" ass de mëttlerweil sechsten Album vun Wye Oak, och wann Album villäicht de falsche Begrëff ass, well et leeft ënner Wye Oak Fans grad eng Debatt, ob "Every Day like the last" als Studioalbum duerchgeet oder ob et net villméi eng Compilatioun ass. De Groussdeel vun de Lidder sinn net nei, mee koumen zanter 2019 kontinuéierlech als eenzel Singles eraus. Um Disk si just dräi nei Lidder.

auto_stories

2 min

"Every day like the last" - dat ass der Frontfra Jenn Wasner no keen zoufälleg gewielten Titel, mee et soll e bëssen Interpretatiounsspillraum loossen, well een et op zwou Manéiere liese kann. Entweder als "All Dag wéi dee virdrun" oder eben "All Dag esou wéi wann et de Leschte wier."

Dat kléngt e bëssen, wéi wann et hei tëschent Repetitioun an All-or-Nothing géing hin an hier goen. Ganz sou hektesch ass et awer net, villméi dominéiert um Disk nees de gewinnte Wye Oak Sound. Also alles zimmlech mellow an entspaant, och wann ëmmer mol een Instrument e bëssi aus der Réi danzt. Insgesamt kann ee festhalen, datt Wye Oak sech zwar net nei erfannen, mee se awer e bësse rëmexperimentéiert hunn.

Vu Countryaflëss iwwer Dreampop bis bei Artfolk ass alles vertrueden. Och komme verschidden Instrumenter ewéi Saxophon oder aner Blosinstrumenter méi staark duerch, zum Beispill am Song "Evergreen"

D'Jenn Wasner seet, et wier een Disk iwwer d'Onsécherheet an d'Ongewëssheet an d'Gefill an dësen ze liewen. Wéi sou vill aner Bands sollte Wye Oak 2020 op Tour goen, mee wéinst der Pandemie war den Duo bemol gezwongen, doheem ze musizéieren an dat ouni konkrete Plang.

An dat huet a n der Jenn Wasner och eng kreativ Energie fräigesat. Och oder grad de Fakt, datt een d'Lidder einfach als Singles released huet, se also net iergendwou hu missen erapassen oder eng Iddi verfollegen. Grad dowéinst ass et ëmsou méi erstaunlech, datt "Every Day like the Last" trotzdeem immens harmonesch an aus engem Goss kléngt.