Radioen

On air

Notturno  |  Polvo - Some Songs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Country ouni Klischee

Album vun der Woch

Country ouni Klischee

Beim éischte Lauschtere kléngt "White Trash Revelery" vun Adeem The Artist genee esou wéi ee sech et vun enger Country-Plack erwaart. Et héiert een akustesch Gittaren, Pedal Steel, Elementer vu Bluegrass a Rock. D'Musek schéngt vläicht konventionell, mee Adeem The Artist ass et net. Hatt/hien definéiert sech als net-binär, benotzt also am Engleschen de Pronomen "they".

auto_stories

3 min

Foto: newfrontiertouring.com

Queerness ass am Country-Genre nach ëmmer keng Selbstverständlechkeet an Adeem the Artist gesäit Musek och als Bäitrag fir méi Versteesdemech. Wéi am Country üblech ginn an den eelef Titele Geschichten erzielt. Déi vun Adeem selwer zum Beispill am éischte Stéck "Carolina" - eng Referenz op de Bundesstaat North Carolina, wou Adeem The Artist 1988 op d'Welt koum - awer och déi vu Mënschen, déi mat deem liberalen, progressiven Amerika, dat Adeem the Artist verkierpert, hir Problemer hunn. D'Stéck "My America" versetzt sech an d'Lag vun engem Amerikaner, dee sech selwer an d'Gesellschaft an där hie lieft net méi erëmkënnt. Adeem The Artist geléngt hei en immens empatheschen Text: An enger Zäit an där sech Fronten ëmmer méi verhäerten, klëmmt een an dësem Lidd einfach emol iwwer d'Barrikaden, fir ze kucken, wéi d'Welt vun der aner Säit ausgesäit.

Reliéis Vergaangenheet ass een Theema

Adeem the Artist ass an enger reliéiser Famill grouss ginn, an et sinn déi Erfarungen, déi an den eelef Stécker vu "White Trash Revelry" thematiséiert ginn. A "For Judas" gräift Adeem The Artist biblesch Elementer op fir eng schwul Libesgeschicht ze zielen, an der Single "Going To Hell" gëtt de Mythos vum Robert Johnson nei interpretéiert. De Johnson hat anscheinend dem Däiwel seng Séil verkaaft, fir kënne besser Blues ze spillen. Guer net wouer, mengt Adeem The Artist: It's true I met Robert Johnson, now / He showed me how the blues could work / But white folk would rather give the devil praise / Than acknowledge a black man's worth.

Gender, Rassismus, Aarmut an déi villschichteg Gesellschaft an de südlechen USA

Gender ass nëmmen ee vun de Sujeten déi op "White Trash Revelry" ugeschwat ginn, Adeem The Artist séngt och iwwer Aarmut, Rassismus, doriwwer wéi villschichteg d'Gesellschaft am Süde vun den USA wierklech ass. Och wa fréier emol Paschtouer e Beruffswonsch vun Adeem the Artist war, sou gëtt op dësem Album awer ni gepriedegt - am Géigendeel. I've been listening, trying to keep myself from dismissing perspectives I struggle to relate with, heescht et am Titel "Heritage of Arrogance".

E relativ gefällegen Album, dee probéiert Genre-Grenzen ze iwwerwannen

Dat Ganzt gëtt agepaakt a schéin, lëfteg Arrangementer, déi de Genre sécher net revolutionéieren, awer vill Ofwiesslung bidden, an heiansdo un dem Ryan Adams seng bescht Zäiten erënneren, notamment u seng éischt Band Whiskeytown. Am Géigesaz zum Debut "Cast Iron Pansexual" ass den zweeten Album vun Adeem The Artist vill méi arrangéiert, manner Indie, méi gefälleg, mee dohanner stécht och d'Absicht vu méiglechst ville Leit gehéiert ze ginn, d'Grenze vum Genre am Sënn vu Gender, awer och vum Country-Genre, ze iwwerwannen. Dat mécht Adeem The Artist net nëmme mat Fangerspëtzegefill, mee och mat vill Humor.