Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Liichtend Häerzer an der Däischtert

Weyes Blood - And in The Darkness, Hearts Aglow

Album vun der Woch: Liichtend Häerzer an der Däischtert

Op hirem fënneften Album, verfält d'kalifornesch Indiekënschtlerin Weyes Blood an de Krisemodus: den Album ass staark gepräägt vun engem universellen Weltschmäerz, mee och ganz perséinlechen Trauererliefnesser. Trotzdeem gëtt den Album och e Stéck Hoffnung.

auto_stories

3 min

Liichtend Häerzer an der Däischtert - dëse Kontrast bréngt d'Grondstëmmung vun "And in The Darkness, Hearts Aglow ganz gutt op de Punkt an spigelt d'Emotiounen erëm, déi hei vertount ginn.

Universellen a perséinleche Schmäerz

Schonn den Albumcover wéist d'Weyes Blood, där hiert Häerz stralend liicht. Si selwer vergläicht et mat Glühstäbecher, déi een jo och fir d'éischt knécken respektiv brieche muss, éier se liichten.

Den Album ass staark gepräägt vun engem universellen Weltschmäerz, mee och ganz perséinlechen Trauererliefnesser. Fir d'Weyes Blood ass dat gebrachent Häerz awer kee Symbol vun renger Trauregkeet, mee och een Zeechen vu Stäerkt a Courage.

Well fir dat eegent Häerz iwwerhaapt gebrach ze kréien, muss een fir d'éischt emol e gewësse Risiko agoen.

Neien Album setzt matten an der Katastroph un

De leschten Album "Titanic Rising" vun 2019 war schonn e klengen dystopesche Virgeschmaach. Den Disk huet d'Gefill vermëttelt, datt eng Katastroph op eis duerkënnt. Natierlech konnt och si net domadder rechnen, datt schonn e puer Méint nom Release eng global Pandemie géif ausbriechen. A wärend "Titanic Rising" nach seismographesch observéierend an warnend war, setzt den neien Album elo matten an der Katastroph un.

D'Weyes Blood huet kierzlech erkläert, datt et no "Titanic Rising" den zweeten Deel vun enger Trilogie ass, déi sech eben vun de Virzeechen, iwwer d'Konfrontatioun bis bei d'Hoffnung erstrecke soll. Iergendwéi verbënnt si dës dräi Phasen awer och schonn op dem neien Album, zum Beispill am Song "The Worst is Done". D'Weyes Blood séngt hei vun engem schwéiere Joer, dat all Mënsch traureg an erschëpft zréckgelooss huet.

Et ass eng Ausernanersetzung mat der Natalie Mering, wéi d'Kënschtlerin heescht, hire Problemer nees an een Normalzoustand zeréckzefannen, well ebe Villes och scho virdrun net wierklech normal war. Hir Songs, seet d'Mering, wiere keng konkret Léisungsvirschléi oder keen politesche Manifesto, vill méi well si einfach op Mëssstänn opmierksam maachen.

De Weltënnergang huet seelen esou schéi geklongen

Den Album ass zwar an der Pandemie entstanen an och de Klimawandel schwéngt hei mat, mee niewent dëse Krisen ass et virun allem d'Tëschemënschlechkeet am digitalen Panoptikum, déi hei am Virdergrond steet.

De Song "God Turn Me into a Flower" zum Beispill, gräift den anticke Mythos vum Narziss op, dee sech a säin eegent Spigelbild verléift a sou säin tragescht Enn fënnt. D'Weyes Blood zitt hei d'Analogie zum Instagram-Zäitalter an enger Gesellschaft, déi sech ëmmer méi fragmentéiert an opléist.

Obwuel der Weyes Blood hier Musekskarriär an enger Noiserockband ugefaangen huet, ass si éischter fir hiren Chamberpop a Folk bekannt, an dat ass och um neien Album net anescht. Vill Piano a Gittar, e bëssi Harf an Chouergesäng, an natierlech der Kënschtlerin hir wonnerbar Stëmm dominéieren hei. Et ass awer och eng gewëss Experimentéierbereetschaft erauszehéieren, den Track "In Holy Flux" zum Beispill, ass ee rengen Ambientsong, deen engem direkt ënner d'Haut geet.

Insgesamt kann ee festhalen, datt de Weltënnergang seelen esou schéin geklongen huet.