Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pressyes - Purpose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: immens catchy an danzbar Grooves

Primer - Incubator

Album vun der Woch: immens catchy an danzbar Grooves

Op hirem zweeten Album "Incubator" liwwert d'Alyssa Midcalf alias "Primer" immens danzbare Synthpop mat bläischwéiere Lyrics. Tëschent Disco an Depressioun ass alles dobäi, fënnt de Max Tholl.

auto_stories

3 min

Wéi d'Alyssa Midcalf an de Studio goung fir hiren zweeten Album als "Primer" opzehuelen hat si dat kloert Zil, ee Popalbum ze maachen. An effektiv erfëllt "Incubator" och sou zimmlech all Konditiounen dofir: immens catchy an danzbar Grooves treffen hei op nach méi catchy a retrolasteg Synthiehooks.

Mat Zäiten erënnert et un New Wave-Bands ewéi "Depeche Mode" oder "Tears for Fears", dann nees un Artpop an Synthpop-Acts ewéi "Charlie XCX" oder "Chvrches". A fir net ze vill an dëser Referenzschläif hänken ze bléiwe kënnt "Primer" dem Kategoriséierungsdrang entgéint an betitelt hier Musek selwer als "abject pop", also Jéimer-Pop.

Selbstzweiwel an negativ Gedanken

Well sou upbeat an liewensbejoend hier Musek ass, sou melancholesch sinn d'Lyrics déi sech bläischwéier driwwer leeën. D'Kënschtlerin seet, si hätt sech domadder offonnt, datt hier eegen Selbstzweiwel an negativ Gedanken hir Musek wuel fir ëmmer wäerte prägen. 2019 koum den Debutalbum "Novelty" eraus, deen sech als musikalesch Traumabewältegung beschreiwe léisst, an och bei "Incubator" setzt "Primer" nees genee do un.

Déi meescht vun den Texter um Album huet d'Alyssa Midcalf virun ville Joren als Teenager geschriwwen. Den Titel bezitt sech dorop, datt se wéi an engem Inkubator hu missen räifen, éier Songs aus hinnen konnten entstoen.

Opschaffen a Katharsis

D'Lyrics sinn immens riicht eraus an vun enger immediater Zerbriechlechkeet charakteriséiert. Et sinn dacks alldeeglech, bal schonn banal Sätz, mee fir d'Musekerin war et spannend ze observéieren, wéi dës hier Bedeitung am Laf vun de Joren changéiert hunn.

"Incubator", seet d'Alyssa Midcalf, ass d'Opschaffen vun enger immens toxescher Bezéiung an där si war. Dobäi steet awer net onbedéngt d'Leed am Virdergrond, mee vill méi d'Katharsis, déi sech doraus erginn huet.

De leschte Song um Album mam Titel "Warning" handelt zum Beispill dovun, datt een d'Vergaangenheet zwar net méi beaflosse kann, mee sech wichteg Lektiounen aus hir zéie loossen.

Poppeg an expertimentell

Mat senge messerschaarfen Hooks an pulséierenden Kickdrums presentéiert sech "Incubator" intensiv an introspektiv zugläich. Tëschent Disco an Depressioun fënnt sou zimmlech all mënschlech Emotioun um Album hier Plaz.

"Incubator" ass zwar e Krack méi poppeg gi wéi de Virgänger, mee kengesfalls manner experimentell. D'Lidd "Hypercube" erstreckt sech vun engem perkussiven Kuddelmuddel iwwer nervööst Synthiegeballers bis béi roueg Ambientkläng.

"Things Fall Apart" ass kaleidoskopeschen Dreampop, deem een sech nëmme schwéier entzéie kann. Näischt op "Incubator" ass wierklech nei oder wansinneg innovativ, an awer huet den Album eng immens eegen Dynamik, déi dat vergiesse mécht.

D'Alyssa Midcalf bezeechet sech op "Incubator" zwar als traurege Clown, deen net gewanne kann, mee hei muss een hir energesch widderspriechen. Well "Incubator" ass eng triumphal Victoire - haart erkämpft an grad dowéinst esou batterséiss.