Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Ankathie Koi - Bora Bora

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Album vun der Woch: E klenge groussen Album

E klenge groussen Album

Album vun der Woch: E klenge groussen Album

De 7. Juli koum mat "Slugs of Love" de siwenten Album vum schwedeschen Elektro-Pop Quartett Little Dragon eraus. Et kéint ee bal mengen, dës Plack wier en Debut an net d'Aarbecht vun enger Band, déi mëttlerweil schonn iwwer 30 Joer zesumme Musek mécht. Hir Frëndschaft reecht a Wierklechkeet nach vill méi laang zeréck: Kennegeléiert hunn sech d'Frontfra Yukimi Nagano an hir Bandkolleegen Håkan Wirenstrand (Keyboard), Erik Bodin (Schlagzeug) und Fredrik Källgren Wallin (Bass) nämlech an der Schoulbänk.

auto_stories

2 min

Datt hei véier Museker richteg gutt openeen agestëmmt sinn, héiert een dann och op der neier Scheif. Wat ëmsou méi erstaunlech ass, well Little Dragon Spezialisten doranner sinn, ganz verschidden Elementer mateneen ze kombinéieren. Am Fong geléngt hinnen de Spagat tëscht alle méigleche Géigesätz a si grooven dobäi awer mol entspaant, mol e bësse méi geckeg weider.

Op "Slugs of Love" fënnt een Disco, R'n'B, e bëssen 1990er Nostalgie, et gëtt beim Trip-Hop geléint awer och Ballade wéi "Lily's Call" ginn net vergiess. Little Dragon sinn ënner Kontrakt beim ganz renomméierte Label Ninja Tune, déi virun allem d'Crème de la crème vun der elektronescher Musek am Katalog hunn, zum Beispill den Amon Tobin, Cinematic Orchestra, de Fink, awer och d'Róisín Murphy. Et kléngt wéi wann d'Formatioun vu Göteborg dee ganze Katalog wéilt op hir eege Manéier nei interpretéieren. D'Resultat ass gläichzäiteg minimalistesch, an awer voller origineller Detailer, d'Melodië bleiwen am Ouer ouni sech opzedrängen. Et spiert een dat Waarmt an Analoogt vun de "richtegen" Instrumenter genee esou wéi dat Pickegt vun den elektronesche Sounds.

Eng Plack déi engem kann un d'Häerz wuessen

Little Dragon sinn ënner anerem bekannt dofir, datt si sech fir hir Opnamen ëmmer erëm gär Musekerkolleeg:innen invitéieren, an och dës Kéier hunn se e puer bekannten Nimm mat derbäi. Den amerikanesche Rapper JID ass um Titel "Stay" vertrueden a virun allem revanchéiert sech de Blur-Frontmann Damon Albarn fir e Featuring, dee Little Dragon 2010 um Gorillaz-Titel Ants" gemaach haten.

"Slugs of Love" ass eng Plack déi ee souwuel kann haart opdréinen, wéi an der Fautel doheem mat Kopfhörer lauschteren. Vläicht ass dëst kee ganz groussen Album - op alle Fall schéngt et net d'Ambitioun gewiescht ze sinn, d'Musek nei ze erfannen - mee eng vun deene klenge Placken, déi engem un d'Häerz wuessen an déi een um Enn méi laang begleede wéi munch ee Meeschterwierk.