Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Dat grousst amerikanescht Dauschen

Ezra Furman: All Of Us Flames

Album vun der Woch: Dat grousst amerikanescht Dauschen

Engem grousse Publikum bekannt ginn ass d'Ezra Furman virun e puer Joer duerch de Soundtrack zur erfollegräicher Netflix-Serie "Sex Education". Deemools huet de 35-järege Museker nach männlech Pronome benotzt ­- zënterhier huet d'Ezra Furman sech awer als Transfra geout.

auto_stories

2 min

Déi perséinlech Verännerungen thematiséiert d'Ezra Furman an hirem neiste Wierk "All Of Us Flames", deen de leschte Freide frësch erauskoum. Et ass hire mëttlerweil néngten Album. Hiren Debut ass aus dem Joer 2006, deemools nach opgeholl mat der Band "The Harpoons".

Den Ierger geet net direkt lass

"I told you I was trouble, man" séngt d'Ezra Furman an engem vun den éischte Stécker op der Plack, mee am Ufank kléngt d'Musek guer net no Ierger, also no "trouble".

Tatsächlech kënnt ee sech éischter vir wéi beim Bruce Springsteen: En Auto waart op der Säit vun der Strooss an zwee Leit fueren domat an dat Onbekannt, op der Sich no Fräiheet an no sech selwer.

Geschwënn awer geet den Ierger un: d'Gittaren an de Gesang si verzerrt, alles wackelt an dauscht e bëssen, grad wéi wann een et géif duerch de Radio an engem Auto lauschteren, deen Éirewou am Néierewou drop an drun ass, d'Connectioun ze verléieren.

Et ass awer grad dee raue Klang, deen de Charme vum Ezra Furman hirer Musek ausmécht. D'Lidder, déi si schreift, sinn nämlech esou agängeg, datt se warscheinlech souguer op engem Taylor Swift-Album net géifen opfalen.

Et hätt een se och kitscheg oder poppeg kënnen akleeden, mee well d'Ezra Furman sech selwer a keng Këscht späre wëllt, léisst sech och hir Musek net esou liicht klasséieren.

Richteg Geschichten erzielen

An hiren Texter geléngt et der Ezra Furman iwwer dat reng Perséinlecht erauszegoe fir richteg Geschichten ze zielen, wat just nach wéineg Songschreiwerinnen a Songschreiwer maachen. Si inzenéiert hir Stécker wéi kleng 4-Minutten-Filmer.

Woumat een erëm beim Springsteen wier, beim Costello, eventuell och bei engem Rickie Lee Jones oder Tom Waits, also an der klassescher Singer-Songwriter-Traditioun, déi d'Ezra Furman awer op eng ganz eege Manéier ëmsetzt.

"All Of Us Flames" ass en Album, op deem ee modern Klassiker fënnt, mee aus enger queerer Perspektiv geschriwwen.

Déi schéi Melodien, déi epesch Refrainen an de matrappende Rock maache Loscht ze lauschteren, wärend d'Arrangementer an d'Texter e bëssen Opmierksamkeet verlaangen.

Wat awer och net esou schlecht ass an enger Zäit, wou vill Musek just nach gemaach gëtt, fir net ze vill ze stéieren, wann ee grad am Gaangen ass, säi Latte ze drénken.