Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aircheck Session: Metal Edition

LIVE-MUSEK

Aircheck Session: Metal Edition

D'100,7-Aircheck Session steet dëse Freide ganz am Zeeche vum Heavy Metal. Den Yves Stephany huet déi zwou Gruppen op der Affiche an hirer Résidence besicht, a mam Gilles Heinisch (Kitshickers) a mam Raphael Altmann (Majestic Unicorns from Hell) iwwer déi kommend Session geschwat.

auto_stories

2 min

D'Kitshickers ginn et zanter 1998, an d'Majestic Unicorns feieren dëst Joer hir 10. D'Frëndschaft huet déi zwou Band zesummegeféiert, si beweegt zesumme Concerten ze spillen, bis dorausser ganz Toure goufen.

Wann ee wéi Bridder ass, da kommen iergendwann och d'Iddien an d'Musek selwer beieneen. Zesumme komponéieren an diskutéieren, hir zwou musikalesch Richtungen zesummenzebréngen, ass fir déi zwou Bands eng Beräicherung.

Dës Woch sinn déi zwou Bands zesummen an der Kulturfabrik fir eng Residence. "Mir preparéieren esou de Concert vun e Freideg. Et ware laang keng Concerten, a mir maachen eemol erëm dat, wat mir gäre maachen - op enger Bün stoen - an do wollte mer deem wéinege Public, deen dierf do sinn, och eng cool Show bidden. Dofir hu mir eis mam Nina Schaeffer zesummegesat, fir eng Luuchteshow op eis Musek ze programméieren. Et ass och ee Kënschtler mat op der Bün, dee Live Painting wäert maachen - och hei hu mir een erausgesicht, dee bei eis, an eist Konzept passt. Déi Woch wou mir hei sinn, profitéiere mir, fir ënner gudde Konditioune kënnen ze prouwen, och am Hibléck op ee weidere Concert am Dezember.

Op deem Concert spillen d'Kitshickers an d'Unicorns dann zesummen, fir d'Aircheck Session héiere mir si separat.

"Mir mussen emol als eenzel Bands erëm kënnen Ulaf an d'Normalitéit huelen. Am Dezember spille mir dann nach eemol eisen Opus zesummen", esou de Raf.


No engem positive Covid-19 Fall an der Crew vun de Kitshickers & The Majestic Unicorns from Hell huet de Concert missten verluecht ginn. De Concert gëtt e Freideg, de 7. Mee um 20 Auer vum radio 100,7 iwwerdroen.