Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerg an der Halleffinall

Eurovision Songcontest

Lëtzebuerg an der Halleffinall

No 31 Joer ass Lëtzebuerg erëm an der Halleffinall vertrueden an zwar vun der 23 Joer jonker Sängerin Tali. Ënnert dem Motto “United by Music” gëtt en dëst Joer zu Malmö a Schweden ausgedroen.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Sophie Schroeder play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

Virun der grousser Finall e Samschden Owend, musse sech déi eenzel Länner fir d’éischt nach an den Halleffinalle behaapten. 15 trieden haut den Owend géinteneen op – dorënner och Lëtzebuerg - a 16 en Donneschden Owend. Jeeweils 10 komme weider.

Net an enger Halleffinall ziddere mussen: Däitschland, Frankräich, Spuenien, Groussbritannien an Italien. Déi sougenannten “Big 5” bezuelen déi gréisste Bäiträg un d’European Broadcast Union, déi den ESC organiséiert. Déi bréngen och dee meeschte Public mat an doduerch sinn si schonn d’office an der Finall. Och automatesch fir d’Finall qualifizéiert ass d’Gewënnerland vun zejoert, an dësem Fall also Schweden.

De Public stëmmt of

Vun den am Ganze 37 Kandidate, sinn et der e Samschden an der grousser Finall also nëmmen nach 26. Zanter leschtem Joer stëmmt an den Halleffinalle keng Jury méi of, mee nëmmen nach de Public.

Ofgestëmmt gëtt iwwer de Website oder iwwer SMS, fir 99 Cent de Vott. Maximal 20 Mol kann een seng Stëmm ofginn. Fir säin eegent Land ofzestëmmen ass awer net méiglech. Mat enger lëtzebuergescher Telefonsnummer kann een also fir all Land ausser Lëtzebuerg ofstëmmen.

Den Televoting geet bei den Halleffinallen, wéi och bei der Finall, eréischt op, wann dat lescht Land bis opgetrueden ass. Nei dëst Joer ass awer datt “The rest of the world”, also all Länner, déi net selwer beim ESC kandidéieren, schonn den Dag virdrun ofstëmme kënnen.

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Tali huet dee leschten Optrëtt den Owend

Haut den Owend wäert Lëtzebuerg als lescht optrieden, direkt no Portugal – engem éischter extrem rouegen an nostalgeschem Optrëtt am Verglach zum Tali hirem. Fir d’Tali kéint dat souwuel vu Virdeel wéi awer vun Nodeel sinn.

"Et gëtt ëmmer gesot, dee leschten hätt déi bescht Chancen. Mee als Kënschtlerin, de ganzen Owend hannert der Bün ze setzen an ze waarden ass ustrengend. Mee ech hunn et schonn neim LSC esouu gemaach, also villäicht bréngt et mir Gléck."

Nach bis d’lescht Joer gouf d’Reiefolleg vun de Startpositioune vun de Produzente festgeluecht, an zwar je no Dramaturgie. Geloust gouf nëmmen, ob een an der éischter oder an der zweeter Hallschent dru kënnt. Och hei ginn et zanter dësem Joer nei Reegelen: d’Produzente bestëmmen nëmmen nach d’Hallschent vun de Startpositiounen, bei den aneren decidéiert d’Lous.

Lëtzebuerg scho fënnef Mol gewonnen

Wann een den offizielle Wettbureaue gleeft, dann huet Lëtzebuerg gutt Chancen a kéim haut op déi 6. Platz, tëschent Finnland an Zypern.

No 2013 ass et iwwregens déi zweete Kéier, datt déi knapp 350.000 Awunner kleng Stad Malmö den ESC ausriicht. Dofir brauch eng Stad gewësse Krittären. Et mussen, ënnert anerem, eng Arena mat der néideger Infrastruktur an engem Pressezentrum fir op d’mannst 1.200 Journalisten, an op d’mannst 3.500 Hotelsbetter zur Verfügung gestallt ginn.

Genee 38 Mol war Lëtzebuerg schonn um ESC vertrueden an huet 5 mol gewonnen – domat gehéiert Lëtzebuerg zu deene Länner, déi am heefegste gewonnen hunn.

Lauschterenplay_arrow