Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Stephan Gehmacher: Den Orchester kann eng bis zwou Saisonen ouni Chefdirigent auskommen

Philharmonie

Stephan Gehmacher: Den Orchester kann eng bis zwou Saisonen ouni Chefdirigent auskommen

D‘Orchester vun der Philharmonie muss villäicht nach bis Hierscht 2026 op een neie Chefdirigent waarden. Dem aktuelle Chefdirigent Gustavo Gimeno säin Engagement geet mat dëser Saison nämlech op en Enn. Ee Nofollger steet nach net fest.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Stephan Gehmacher | © Sébastien Grébille play_arrow
Den Generaldirekter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher. (Foto: Sébastien Grébille)

Fir den Orchester wier dat awer kee Problem. Dee wier gefestegt genuch, fir eng oder noutfalls zwou Saisonen ouni Chefdirigent kënnen ze iwwerbrécken, betount de Stephan Gehmacher, Generaldirekter vun der Philharmonie. 

"Nicht auf Dauer, wie die Wiener Philharmoniker. Aber es ist gefestigt genug und hat auch genug Partnerschaften mit sehr guten Dirigenten, sodass es für eine Saison kein Problem ist."

Mat der Saison 2024/25 geet dem Gustavo Gimeno säin Engagement bei de Lëtzebuerger Philharmoniker no 10 Joer op en Enn. D'Saison 2025/26 wier schonn ouni Chefdirigent geplangt. De Stephan Gehmacher geet och dovun aus, datt réischt fir déi Saison drop, 2026/27 also, eng Chefdirigentin oder ee Chefdirigent ernannt gëtt.

Philharmonie gëtt vergréissert

Doriwwer eraus gëtt d'Philharmonie ausgebaut. Am September fänkt de Chantier un. Dee soll awer keng Auswierkungen op de Concertsbetrib hunn, betount de Stephan Gehmacher. Et géif Plaz gebraucht gi fir déi pädagogesch Aktivitéite mat Jugendlechen, fir Konferenzen a fir Workshoppen. An och ee Raum fir eng besser gastronomesch Offer kënnen unzebidden. 

"Beim zehnjährigen Jubiläum der Philharmonie war Christian de Portzamparc, der Architekt des Hauses, anwesend. Und da haben wir mit ihm darüber gesprochen, inwieweit er sich vorstellen kann, dass das Haus, das er als sein Meisterwerk betrachtet, nicht vollendet ist."

Néng Joer laang gouf de Projet geplangt. Elo ass de Moment do, wou de Bau ka lassgoen, esou de Stephan Gehmacher.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Musek
Interview