Virun dräi Méint hätt déi intensiv Phas vun der Virbereedung ugefaangen, seet d'Danielle Hennicot. Niewent dem raussiche vun de Stécker hätt och d'Astudéiere vun de Partituren e groussen Opwand bedeit. Eng vun den Iddien hanner dësem Gratis-Festival wier et, déi ganz Diversitéit vun der Neier Musek duerzestellen, seet d'Florence Martin, d'Co-Directrice vum Ensembel.
"Et ass esou, wéi mer et dachs am Laf vun enger ganzer Saison maachen, just hei eben an engem Weekend."
Diversitéit am Mëttelpunkt
Dës Diversitéit a Form vu kuerzen Opféierungen, Concerten, Instalatiounen, engem Baal a Filmer soll dem Publikum en Zougang zu der neier Musek schafen. Deementspriechend gëtt vun den Nolauschter:innen och net erwaart, datt si déi ganz 33,7 Stonne bleiwen. Dozou d'Danielle Hennicot:
"Et soll ee kommen a sech dovun e Bild maachen. Et kann een era kommen a probéieren."
Fir d'Zesummestellung vum Programm huet sech Lucilin un der Populatioun vu Regioun ronderëm Esch orientéiert. Dofir huet den Ensembel d'Statistiken ënnersicht a gekuckt, wéi dës Populatioun zesummegestallt ass. D'Prozentzuele vun den Nationalitéiten, der Geschlechterverdeelung an dem Alter huet den Ensembel dunn a Minutten ëmgerechent an ass uschléissend op d'Sich no Stécker vu passende Komponist:inne gaangen."Esou maache mer wierklech eng Cartographie vun der Populatioun, a mer hoffen, datt jiddwereen e Stéck vu sech selwer doran erëmfënnt", seet d'Florence Martin.
Lauschtert dee ganzen Interview hei
E Bléck hanner d'Kulissen
33,7 Minutte Musek um Stéck bedeiten Méint un Aarbecht. Fir en Androck dovun ze kréien, wat alles hannert esou engem Projet stécht, hat de Luc Boentges e Rendez-vous mam Ensembel Lucilin am Carré zu Holleresch, dem aktuelle Sëtz vu Lucilin.