Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Takt vun der Natur

Musek

Am Takt vun der Natur

Techno an Naturschutz sinn zwee Elementer déi een instinktiv éischter net matenee verbënnt. A genee deen Iwwerraschungseffekt notzt den Dominik Eulberg, Joergank 1978, studéierten Ökolog a passionéierten Techno-DJ. E Freideg, de 24. Februar 2023 um 19 Auer presentéiert hien am Neimënster seng Biodiversitéits-Show an där hien Informatioun zu Aartevillfalt mat Musek an dem Asaz vu Visuals vermëscht.

auto_stories

2 min

Foto: Natalia Luzenko

Am Interview an eiser Emissioun "Kultur um 5" huet den Dominik Eulberg erkläert, wéi hien op d'Iddi komm ass, seng zwee Interesse mateneen ze verbannen. Als Kand verbréngt de Bouf vun engem Biosproff vill Zäit an der Natur, an hëlt schonn éischt Geräischer op Kassetten op, wéi zum Beispill de Gesang vun de Villercher. Als Teenager entdeckt hien d'Technomusek a wéi hien eng Kéier seng Naturopnamen an eng Technokassette gläichzäiteg ofspillt, erkennt hien direkt d'Potential vun där Kombinatioun.

Mëttlerweil schafft hien net méi mat analogen Opname vun Naturgeräischer, seng Demarche huet sech am Laf vun de Jore verännert: Hien transkribéiert sou zum Beispill de Gesank vu verschiddene Villercher a baut dës melodesch Elementer a seng Stécker an. Ze héieren ass dat ënner anerem op dem Dominik Eulberg sengem rezentsten Disk "Avichrom". Den Titel ass eng Kombinatioun aus dem laténgesche Wuert fir Villchen (avis) an dem algriicheschen Wuert fir Faarf (khrôma). All Kompositioun ass hei no engem Villchen, respektiv no enger Faarf benannt, sou gëtt et zum Beispill de "Schwarzhalstaucher" oder de "Goldregenpfeifer" oder nach d'"Silbermöwe".

Sensibiliséierung fir Naturschutz an Aartevillfalt

A senger Biodiversitätsshow probéiert den Dominik Eulberg op ënnerhalsam Manéier de Publikum fir den Naturschutz ze sensibiliséieren a besonnesch d'Opmierksamkeet op d'Aartevilfalt ze lenken, déi ee viru senger eegener Dier fënnt. "Think globally, act locally" ass seng Devise - wann hien Inspiratioun fir seng Musek sicht, beschränkt hie sech dann och op mëtteleuropäesch Aarten.

Aus Natur Musek ze maachen, ass eng Saach, mee stëmmt et dann eigentlech, dass och d'Natur op Musek reagéiert? Wuessen Tomaten tatsächlech besser, wann een hinne Mozart virspillt? Dozou huet den Dominik Eulberg am Interview e puer iwwerraschend Erklärunge parat.