Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  LA Priest - It's You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Libeslidder vun ongewéinleche Plazen

Nei Plack "The Cliffs of Lone" vum Matt Dawson

Libeslidder vun ongewéinleche Plazen

Wat huet déi wëll Natur un der englescher Küst an de Parking vun engem Supermarché gemeinsam? Béid Plazen hunn de Museker Matt Dawson ("Coco & Fahrenheit", "River of Gold") dozou inspiréiert, e Lidd ze schreiwen, dat sech op senger neier, aachter, Plack "The Cliffs of Lone" erëmfënnt.

auto_stories

3 min

headphones

56 min

play_arrow

Och wann den Dawson offensichtlech net gär doheem an der Fautel komponéiert, sou ass dat awer fir hien den idealen Environnement fir seng Musek opzehuelen. Gréisstendeels live goufen d'Stécker vun "The Cliffs of Lone" opgeholl. A minimaler Besetzung, am Homestudio vum Philippe Demart (Autumn Sweater).

"Ech maache Lidder wéi anerer Tagebuch schreiwen: Da kann ech e Stéck vu fréier lauschteren a mech erëm erënneren, wéi ech mech op deem Dag gefillt hunn. Komescherweis schreiwen ech meng Stécker ëmmer op 'inbetween places'. Ee Stéck op dëser CD hunn ech um Flughafe vun Dublin geschriwwen, een anert um Parking vum Lidl, oder op enger Tankstell am Ruhrgebiet. Awer keent doheem!"

D'Juegd nom groussen Hit ass eriwwer

Wann een sech d'Foto ukuckt, déi hannen op der Vinyl-Plack ofgedréckt ass, da schéngen dat gemittlech Sessioune gewiescht ze sinn.

D'Museker, notamment de Jamie Reinert, deen een och vun dëser Antenne kennt, sëtzen no beieneen, sou datt de Produzent net d'Schlappe verléiert - an dat ass an dësem Fall wuertwiertlech gemengt. Wann de Matt Dawson fréier nach dem perfekte Sound oder dem groussen Hit no gejot ass, sou huet hie sech mat senge 64 Joer vun deenen Erwaardunge mëttlerweil geléist.

Dat wëll awer net heeschen, dass hie keng Uspréch stellt. D'Invitéeën, déi een op "The Cliffs of Lone" héiere kann, sinn net der mannster: dobäi ass ënner anerem den Haoxing Liang, Konzertmeeschter vum OPL.

Astronomesch Inspiratiounen

De Matt Dawson huet selwer net méi d'Ambitioun e Star ze ginn. A sengem zweete Beruff beschäftegt hie sech awer weiderhi mat Himmelskierper. Fir den Naturmusée ass hien als Astronom ënnerwee a Wikipedia féiert hien als Entdecker vu ganze sechs Planéiten.

Och wann een op "The Cliffs of Lone" haaptsächlech Libeslidder fënnt - ënner anerem doriwwer, firwat et e Feeler ass, mat senger grousser Léift am Supermarché Schluss ze maachen - sou ass ee Stéck awer vun enger astronomescher Missioun inspiréiert. Am Interview am Kultur um 5 vum 31. Januar huet de Matt Dawson d'Bedeitung hanner dem Stéck "Bindweed and Ivy" erkläert.

"Ech war op engem astronomeschen Treffen am Texas. An dat war just no den Evenementer vum 6. Januar 2021. Mir waren am Bësch mat eisen Teleskopen a sinn do op eng Right-Wing-Vigilante-Grupp gestouss. An hirem Militärdress hunn si do mat Waffe geüübt. Déi nei Riets mécht mir vill Angscht. An dorëm geet et an deem Lidd. Et ass mäin éischt politescht Stéck."

"The Cliffs of Lone" gëtt virgestallt dëse Samschden, 4. Februar 2023, am Plackebuttek Vinyl Harvest, 34, rue Victor Hugo, um 15 Auer.