Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 Bands, déi beim Eurosonic opgefall sinn

The Next Big Thing?

10 Bands, déi beim Eurosonic opgefall sinn

Beim Eurosonic sichen d'Festivalen all Joer am Januar no neien Talenter an de Beräicher am Pop a Rock. D'Editioun 2021 war reng digital, eng 180 kuerz Live-Sette goufen diffuséiert. Hei sinn déi wichtegst Nimm, an hir Live-Sessions am Video.

auto_stories

5 min

1. Faux Real

Déi franséisch-amerikanesch Bridder Elliott a Virgil Arndt hunn hir musikalesch Carrière zu Lëtzebuerg ugefaangen. Ënnert anerem ware si bei Natas Loves You täteg. Elo triede si zu zwee op, mat vill Ironie, Dadaismus, a je-ne-sais-quoi.

Hir mierf Performance um Festival huet eis wierklech iwwerzeegt. Et gesäit ee si zu zwee an engem Raum mat e puer Mikroe mat engem Backing-Track. Mat witzege Moves a vill Determinatioun geléngt et hinnen ze ënnerhalen.


2. The Cool Greenhouse

Ufanks war et dem Tom Greenhouse säi Solo-Projet. Mëttlerweil ass The Cool Greenhouse zu enger Band gewuess. De Sound hannert senge séiss-sauren, gesellschaftskriteschen Texter gouf doduerch méi voll. E bleift awer monoton a repetitiv - an dat ass gutt esou.

Kaleidoskopesch, e bëssen experimentell stinn The Cool Greenhouse an enger Aart Pospunk-Realismus, dee staark text- a stëmmbaséiert ass, a gäre kleng Instrumenter wéi Melodica oder Synthesizeren asetzt. Kritiker vergläichen The Cool Greenhouse mat de legendären The Fall, d'Lyricist-Dimensioun ass offensichtlech. D'Iddie si frësch an och live fanne mir dës Band ganz charmant.

Eise Wonsch: The Cool Greenhouse eng Kéier op enger flotter Plaz hei am Land gesinn.


3. Slift

Garage Psych-Rock mat Testosteron a progressiven Elementer dominéiere beim franséischen Trio. Och den Jimi Hendrix an den Jimmy Page sinn niewent Stoner- a Krautrock-Aflëss omnipresent. Lassloossen ass definitiv Deel vun hirer Musek.

Deene liicht verdreemte Progressioune gi mat vill direkter Energie Liewen agehaucht. Dat wat Slift proposéieren, ass eigentlech guer net méi modern - grad dat gefällt eis. Et ass Plaz fir Exzess, kee kuckt op d'Auer an et di sech grouss Espacen op. Et héiert een, datt d'Band schonn zënter der Lycéeszäit zesumme spillt.


4. Arya Zappa

Déi däitsch Sängerin trëtt mat Grace Jones Alluren op. Awer och d'Hildegard Knef an d'Marianne Faithfull resonnéieren an hirer Stëmm mat. New Wave a Synthpop an de Sound vun den 80er Jore sinn hiren Terrain. Dee ganzen Optrëtt iwwer verzitt si keng Minn, ass ganz an hire Personnage verdéift.

Eis huet déi enigmatesch Arya Zappa jiddefalls iwwerzeegt, a mir géife si gär op enger Bühn an der Ëmgéigend gesinn.


5. Jockstrap

Den experimentellen, alternative Pop Duo fabrizéiert zimlech réi, eckeg an dramatesch Musek, an där vill Genren a Stiler frontal zesummekommen. Hir EP "Wicked City" krut d'lescht Joer en zimlechen Hype. Obwuel se eegen an ustrengend ass - op eng gutt Manéier.

D'Georgia Ellery an den Taylor Skye waren allen zwee op der Guildhall School of Music and Drama an hunn en Jazz/Klassik-Hannergronn. Hire Set um Eurosonic war technesch immens maîtriséiert.


6. Tuys

D'Lëtzebuerger Contributioun beim Eurosonic waren Tuys. De Video weist dräi nei Stécker, déi am Kader vun hirer Aircheck Session an der Kulturfabrik interpretéiert goufen.

Déi véier Museker weisen op en Neits, datt si op engem ganz héijen Niveau spillen, an definitiv hir Plaz am europäeschen Indie-Pop fonnt hunn. Si liewen elo zu Berlin a schaffen un hirem zweete Longplayer. Wa si et fäerdeg bréngen, dorop hir Iddien ze kanaliséieren, a Songs ze schreiwen, déi d'Catchyness vun deenen um éischte Longplayer hunn, kënne si ganz vir matspillen.


7. Alois

D'Formatioun vu Luzern schafft gär och mol polyrhythmesch. Aus Jazz, Afrobeat, Disco, a karibbeschen Aflëss bastele si en zimmlech ustiechende Sound. Analog Apparater treffen op Gittaren a vill Groove.

De Quintett huet d'lescht Joer den zweeten Album "Azul" verëffentlecht. Wat am Studio zimmlech glat kléngt, huet live einfach méi Bëss. Virun allem dat tight Zesummespill huet eis gutt gefall.


8. My Ugly Clementine

Véier Frae vu Wien spillen zesumme Rockmusek. Et kléngt engem familiär, ouni dass een direkt Vergläicher mat iergendeppes kann zéien. Tëscht Pixies a Sophie Hunger villäicht... Feminismus a Gläichberechtegung si wichteg Sujeten an hirer Musek. Et héiert ee vill 90er Aflëss an hirer Musek, mol ass et méi catchy, mol méi subtil, a gär och mol mat enger klenger Rockabilly Fierwung, besonnesch an der Batterie.

Wat eis iwwerzeegt huet ass, datt sech beim Gesank ofgewiesselt gëtt, ouni datt ee säin Instrument néierleet. Déi meescht Leadstëmme kommen iwweregens vun der Drummerin. Et ass einfach, authentesch an immens tight.


9. Orions Belte

Den instrumentalen Trio ass zanter 2018 aktiv. D'Bass-Batterie-Gittar-Combo inspiréiert sech u 70er Nigerianesche Rock, Funk a Soul.

Déi dräi Museker bauen eng eng zolitt Dynamik op. Si pefferen hir melodesch Groove-Stécker mat vill Reverb a weideren organeschen Effekter. Den 9. Abrëll kënnt en neien Album "Villa Amorini" eraus - e Virgeschmaach gëtt et an hirer Session, déi uewen op engem Bierg gefilmt gouf.


10. Rats on Rafts

Zwee holännesch Jongen op der Gittar an der Batterie, eng hollännesch Fra op den Drums an e britesche Sänger kommen zesumme bei Rats on Rafts vu Rotterdam. De Concert war zimmlech powerful. Och ouni Publikum passéiert de Courant awer, et ass vill Energie hannendrunn.

Hiren neien Album kënnt elo eraus: "Excerpts From Chapter 3: The Mind Runs A Net Of Rabbit Paths". E bësse psychedelesch Landschaftsmolerei an energesche Rock, eng Kombinatioun déi gutt funktionéiert. Eng Freed um Experimentéire féiert si e bëssen an d'Zäite vum Marquee Club zeréck, wou déi éischt Incarnatioun vu Pink Floyd mam Sänger Syd Barret ënnerwee war, oder Bands wéi The Kinks.