Geschicht Zäitzeien aus dem Minett gesicht

Zesumme mat Historiker d'Geschicht vum Minett schreiwen, dat proposéiert de Center for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg. De grousse Publik gëtt encouragéiert, bannent den nächste véier Wochen an der Annex22 op der Escher Brillplaz Dokumenter a Fotoe laanscht ze bréngen, an iwwer dat eegent Liewen z'erzielen. D'Zil ass et, d'Alldagsgeschicht op den Terres rouges ze rekonstituéieren.

Michel Delage

Stefan Krebs
Stefan Krebs

"Temporary History Lab'' nennt sech dëse Geschichts-Atelier, deem seng verschidde Volete sech bis den 23. Oktober op der Brillplaz wäerten ofspillen. Dat Ganzt gehéiert zu engem gréissere Fuerschungsprojet, deem seng Resultater wärend dem Kulturjoer 2022 sollen ausgestallt ginn.

D'Historiker vum C2DH wëllen déi grouss Erzielungen iwwer de Minett an en neie Kontext setzen, erkläert den Historiker Stefan Krebs:

"Wir haben die klassischen Meistererzählungen von den 'Minettsdäpp', den Malochern, die den Reichtum des Landes über Jahrzehnte geschaffen haben; über das wohlmeinende Patronat der Stahlbarone mit ihren Sozialwerken; wir haben die Geschichte der gelungenen Integration von ganz vielen Migranten... Man könnte jetzt anfangen, all diese Meistererzählungen zu dekonstruieren, aber das möchten wir gar nicht. Wir möchten auch nicht eine neue Meistererzählung des Südens erzählen. Wir möchten sechs unterschiedliche historische Themen bearbeiten, aus unterschiedlichen Perspektiven, die - so hoffen wir - dann gemeinsam wieder ein groβes Ganzes ergeben werden.''

Geschicht vun ënnen

D'Alldagsgeschicht soll am Mëttelpunkt stoen, d'Geschicht vu Stad an Ëmwelt, vum Konsum... Alles Themen, déi, dem Stefan Krebs no, bis elo wéineg behandelt gi wieren:

" Wenn man klassische historische Forschungsarbeit macht, und vor allen Dingen in staatlichen und betrieblichen Archiven recherchiert, sind Themen der Alltagsgeschichte ganz schwierig zu erforschen. In den klassischen Archiven, die man als Historiker konsultiert, findet man meistens Dokumente, die eher eine Geschichte von oben erzählen: aus der Siicht der Betriebsleitung, der staatlichen Verwaltungen, der Polizeibehörden, der Gerichte, usw. Wir möchten Geschichte auch ein Stück weit von unten erforschen und erzählen. Das heiβt nicht, daβ wir die Geschichte von oben ganz ad acta legen möchten. Aber wir möchten die beiden miteinander ins Spiel bringen.

Um Geschichte von unten zu erzählen braucht man neue historische Quellen. Die finden wir nicht in den Archiven, nicht in den Bibliotheken, sondern - hoffentlich - in einer Geschichtswerkstatt wie der unsrigen."

An do erhofft ee sech, esou vill ewéi méiglech Zäitzeie kënnen z'empfänken. Fir d'Alldagsgeschicht vum Minett kënnen ze schreiwen an ze dokumentéieren ass d'Bedeelegung vum Public néideg, vu Mënschen, déi am Süde gelieft hunn an den Alldag unhand vun all méiglechen Dokumenter a Fotoen, déi digitaliséiert ginn, a virun allem unhand vun hire perséinlechen Erzielunge kënnen dokumentéieren:

"Wir suchen grunsätzlich eine ganze Spannbreite an Zeitzeuginnen und -zeugen. Das sind nicht nur die klassischen Stahl- und Bergarbeiter, die ihre Geschichten von der Arbeiten erzählen, vom Malochen. Wir suchen genauso die Hausfrau aus den 50er-60er Jahren, frisch verheiratet, die gegen die dreckige Luft kämpft, mit der sauberen Wäsche. Wir suchen Leute, die kleine Läden, Cafés, Kneipen hatten, und Geschichten erzählen können."

Experimentell Geschichtsschreiwung

Den Treffpunkt ass wéi gesot den Temporary History Lab am Ausstellungspavillon Annex22 op der Escher Brillplaz, wou Interesséierter mat den Historiker kënnen an d'Gespréich kommen, fir och eventuell e Rendez-vous fir e méi laangen Interview auszemaachen. Fir de Stefan Krebs geet dat heiten iwwer klassesch Geschichtsschreiwung eraus:

"Es ist experimenteller als wenn wir über Geschichtsvermittlung nachdenken, weil wir hier versuchen, partizipativ mit den Menschen ins Gespräch zu kommen und, soweit das geht, gemeinsam Geschichte zu erforschen. Den Menschen auf Augenhöhe zu begegnen setzt auf unserer Seite eine groβe Offenheit voraus. Umgekehrt auch eine groβe Offenheit der Bevölkerung, dass sie mit uns ins Gespräch kommen möchten. Ich kann nur hoffen, dass wir im Laufe der nächsten vier Wochen ganz viel Besuch bekommen werden, soweit dies natürlich unter Covid-Regeln in einem kleinem Pavillon wie der Annex22 möglich ist. Wir dürfen maximal sechs Gäste gleichzeiteg empfangen."

Ënnert wéi enger Form genee d'Resultater vun dësem Fuerschungsprojet 2022 wäerten ausgestallt ginn, dat wier nach an der Diskussioun. Méiglech Duerstellungsforme kënnen duerchaus eng méi kënschtleresch Approche unhuelen, seet d'Françoise Poos, Directrice vun der Programmatioun vun Esch2022:

"Mir hunn eng Grupp vu franséischen Artisten invitéiert, Komplex Kapharnaum. Si maache Projeten iwwer Geschicht, Identitéit, Liewen an enger Regioun, seng Plaz fannen... Wat si maache si generell Restitutiounen am ëffentleche Raum, theatralesch organiséiert."

Bannent dem nächste Mount si weider Aktivitéiten am Kader vum "Temporary History Lab" an der Geschicht vum Minett virgesinn: eng interaktiv Videoinstallatioun, eng Ausstellung iwwer Fotoportraiten a Kombinatioun mat enger Selfie-Campagne, d'Méiglechkeet fir de Public fir kuerz Audio-Postkaarten op Vinyl opzehuelen a verschidden thematesch Visites guidéeë vun Esch.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Enfance, instantanés
Carla Lucarelli - Enfance, instantanés

An hirem Buch "Enfance, instantanés" begrenzt d'Carla Lucarelli hir Erënnerungen un d'Kandheet, un d'Momenter bis si an de Lycée kënnt. Opwuessen am Minett, Verlaangeren no Italien, eng Zäit vum Entdecken a wëlle begräifen.

FRESCH Ville d'Esch
Kultur

Den Escher Kulturentwécklungsplang Connexion gëtt mat der Kreatioun vun der ASBL frEsch weider ëmgesat. De Kulturentwécklungsplang soll d'Kreatioun ënnerstëtzen a jiddwerengem den Accès zur Kultur erméiglechen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen