Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Little Simz - Heart On Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Geklaute Konscht: D’Sich no Besëtzer a Wierker

Kultur

Geklaute Konscht: D’Sich no Besëtzer a Wierker

Den amerikaneschen FBI hat sech d’lescht Woch un d’Ëffentlechkeet geriicht, fir de Besëtzer vun engem Bild aus dem 19. Joerhonnert ze fannen. D’Wierk soll wärend der Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich zu Iechternach verschwonne sinn, esou d’Art Crime Team vum FBI. Rezent gouf d’Konschtwierk an den USA rëm fonnt.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: FBI

D’Bild vum belsche Moler Jacob Jacobs (1812-1879) weist eng Mierlandschaft. An dësem Dossier ass de Service Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale vum Lëtzebuerger Staatsministère a Kontakt mat der US-Ambassade um Lampertsbierg.

De Service vum Staatsministère huet sech bei den Amerikaner gemellt, fir seng Hëllef bei dëser Aufgab unzebidden, esou de Patrick Majerus. De Chef vum Service Mémoire seet och, datt hien iwwerrascht war, wéi déi amerikanesch Ambassade respektiv den FBI vun Chicago sech an dëser Fro den 8. Abrëll un d’Ëffentlechkeet geriicht hunn.

„Fir dat doten z’annoncéieren. Well wann een iwwer Spoliatiounen am lëtzebuergesche Kader do iwwerleet, dann denkt een elo net onbedéngt un een amerikaneschen Zaldot, deen eppes mat heem geholl huet.“

D'Bild huet virun allem ideelle Wäert

Zesumme mam Opruff, fir de Besëtzer vum Bild ze fannen, haten den FBI an d’US-Ambassade den 8. Abrëll eng Foto vum Konschtwierk verëffentlecht. D‘Bild wier an engem schlechten Zoustand, seet de Patrick Majerus.

„Et kéint een och dovun ausgoen, datt déi Persoun, déi et matgeholl huet, et eventuell aus engem Kader eraus geschnidden huet, gefaalt huet, an an de Rucksak gemaach huet, fir et da mat an déi nächst Operatiounen ze huelen.“

D’Wierk vum flamännesche Moler Jacob Jacobs, dat elo an den USA rëm fonnt gouf, an dat an de Joren 1944/45 zu Iechternach soll verschwonne sinn, hätt virun allem een ideelle Wäert, seet de Chef vum Service Mémoire a Konschtkenner Patrick Majerus.

Provenienzfuerschung zu Lëtzebuerg: En éischte Bilan 

D’USA sichen also nom Besëtzer vun dësem Bild. Hei am Land gëtt de Moment no Biller an anere Wierker gesicht, déi an der Period vum Zweete Weltkrich geklaut gi waren, erkläert de Patrick Majerus vum Staatsministère.

An deem Sënn hätt de Staat 2021 een Accord mat der jiddescher Communautéit ënnerschriwwen, fir datt och Provenienzfuerschung muss a soll am Nationalmusée, an der Nationalbibliothéik an och an der Villa Vauban gemaach ginn.

Patrick Majerus: D'Recherche wäert sech ausbezuelen

D’Fuerschung iwwert d’Besëtzer vun de Konschtwierker a Kulturgidder gëtt zesumme mat der Uni Lëtzebuerg gemaach, a si hat d’lescht Joer ugefaangen. Eng éischt Etapp soll virum Summer ofgeschloss ginn, seet de Patrick Majerus. Dobäi geet et dorëm, fir d’Geschicht vun de Sammlunge vun den dräi Institutioune wärend dem Zweete Weltkrich ënnert d’Lupp ze huelen an och schonn ze prioriséieren, op wéi eng Objeten ee sech soll konzentréieren.

Dono kéint een dann an den Detail goen a recherchéieren, ob ee Bild eventuell geklaut ginn ass a wiem et eigentlech gehéiert huet.

Zu eventuelle Resultater vun dëser Fuerschung, kann de Patrick Majerus vum Staatsministère zu dësem Zäitpunkt nach näischt Konkretes soen. Hie kënnegt awer schonn un, datt dës Recherche sech ganz sécher wäert ausbezuelen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Kultur
Konscht