Radioen

On air

Notturno  |  Circuit Des Yeux - Dogma

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Hannah Noack: Meng Passioun, Musical

SOT EMOL

Hannah Noack: Meng Passioun, Musical

Musical ass als Konschtform ganz beléift. Duerch Schauspill, Gesang an Danz ginn an engem Musical Geschichten erzielt. Ma éier et awer esouwäit ass steet eng zolidd Formatioun am Mëttelpunkt. An dee Studium huet d’Hannah Noack um Institut fir Musek op der Musikhochschule Osnabrück gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

55 min

play_arrow

Fir d‘Hannah Noack ass de Musical eng Méiglechkeet d’Geschicht, déi erzielt gëtt, duerch déi dräi Konschtformen nach méi ze ënnerstëtzen, wéi zum Beispill e Gefill nach duerch eng gesonge Ballade méi intensiv ze maachen.

“Zanter ech ganz kleng sinn, wëll ech op d’Bün”

D’Musicalformatioun war awer am Fong eng logesch Suite, well d’Hannah Noack scho vu Kandheet un op der Bün wollt stoen. Als Kand huet si doheem scho kleng Optrëtter preparéiert an och opgefouert.

“Schonn an der Crèche hunn ech ëmmer esou Kannerlidder performed an dann déi ganz Kanner an d’Leit animéiert. An d’Kanner ronderëm mech hunn all musse mat sangen an do ginn et och ganz witzeg Videoe vu mir.”

“Mat 9 Joer déi éischt grouss Roll”

D’Hannah Noack huet bei engem Projet mat gemaach iwwert e Mann deen am KZ an eng Zort Kanneroper gemaach huet fir sech Liewen eng Grëtz ze erliichteren.

“An hien huet am Kader esouguer vum Bundestag dëst Stéck nach emol nei opbereet. An do hunn ech eng Haaptroll kritt, dat war meng éischt granz grouss Saach mat 9 Joer.”

“Mäi Wee war kloer an Direktioun Musical”

Et war am Fong scho ganz fréi kloer datt d’Hannah Noack wéilt d’Musical studéiere goen, besonnesch och well si an hirer Schoul ëmmer bei Musical-Projete mat gemaach huet.

“An ech hunn et einfach immens flott fonnt, Gesang a Schauspill zesummen ze koordinéieren an zesummen se bréngen. Mir war et net genuch einfach just Schauspill ze maachen, well ech sange wierklech gär hunn. A just Sange war einfach ze wéineg, well ech wollt och mam Kierper an den Emotioune schaffen. An dofir hunn ech mer iwwerluecht, ech wëll d’Aufnahmeprüfung fir Musical probéieren.”

An do koum den Danz derbäi

D’Hanna Noack huet sech du mat der Musicalformatioun méi konkret beschäftegt an dann op emol mierkt een datt een och danze muss.

“Do hunn ech eréischt ganz spéit domadder ugefaangen, do hat ech 16-17 Joer do hunn ech mat Ballet ugefaangen.”

Och wann seng Danzproff net gemengt huet, datt et géif klappen, huet d’Hannah Noack awer och am Danz iwwerzeegt a konnt de Wee vun hirem Kandheetsdram maachen.

Lauschterenplay_arrow