Dat froe mir haut den Jonn Häppi. Hien ass en immens talentéiersten Akrobatiker, kann Zauberen, Danzen a virun allem d'Leit ënnerhalen. Aus eegener Erfahrung kann ech soen: net nëmmen déi kleng mee speziell och déi grouss. An haut ass hie bei eis am Studio gudde Moien Jonn.
Du hues mer jo geschriwwen op meng Emailadress hei vun der Sendung - sonndesbox@100komma7.lu an ech war immens frou, a genee esou frou sinn ech och, datts du haut kanns bei eis sinn. Ech sot et schonn, du ënnerhäls däi Public, méchs si happi! Wéi ee Gefill ass dat fir dech, d'Begeeschterung an de Leit hire Gesiichter ofzeliesen?
Kuckt een eigentlech säi Public genee, wann een seng Show mécht?
An denger Beschreiwung op jannhappi.lu steet dass du e faszinéierte Freestyler wiers. Deng Showen sinn awer sécherlech gutt ageplangt, oder?
Dës Emissioun heescht jo "Wat leeft op dengem Sonndeg?" An dee fänkt bei ville Leit jo mam Moiesiessen un.. Fir esou staark ze sinn ësst du sécherlech en ausgibegst Frühstück oder?
Den Jonn Happi lauschtert gär Chopin an 90 Elektro-Pop steet op dengem Internetsite. Wéi eng Musek leeft dann op engem gemittleche Sonnden?
Wéi verbréngs du soss deng Weekender?
Den Jonn Happi ass bei eis am Studio, hien ass de Spezialist vun der gudder Laun an der Improvisatioun, hie mécht Showen mat Zirkus, Akrobatik, Zauberei an Danz - Jonn du hues och en Titel fir haut matbruecht, an dee mer elo ganz gären eralauschteren, wéi een ass dat a wisou hues du dech fir dat Lidd décidéiert?
Häerzlech wëllkomm hei an der Sonndesbox, mir hunn Society vum Eddie Vedder héieren, en Titel erausgesicht vum Jonn Häppi, dee bei eis am Studio ass. Ech muss jo soen, et ass och ee vu mengen absolute Liiblingslidder also villmools Merci dofir! Komme mer zeréck bei dech Jonn.. Et gëtt Merchandise vum Jonn Happi, Tasen, Tshirten e Molbuch... Wéi ass d'Figur vum Jonn Happi entstanen?
Hues du heiansdo Deeg, wou du dech net dono fills an d'Roll vum Jonn Häppi eranzeklammen?
Du hues jo vill verschidde Showen, hues du eng, déis du ganz besonnesch gäre mëss?
Den Jonn Happi lieft grad elo. Hien lieft de Moment. Hien ass begeeschtert vun der Géigewaart. Dat fannen ech immens schéin, ganz dacks liewe mer jo net am Moment. Wéi kriss du et hin net zevill iwwert d'Vergaangenheet oder d'Zukunft nozedenken?
Och op der Bühn muss ee jo ëmmer konzentréiert bleiwen an net mat de Gedanken zevill hin an hirschweifen.
Wéi dacks trainéiers du selwer?
Mär maachen nach eng kleng musekalesch Paus zesumme mam Jonn Happi, en zweeten Titel hues du eis haut nach matbruecht, dee kennt vu Sinai Vessel, an heescht "A must while so near" wisou de Choix fir deen Titel?
A must while so near vu Sinai Vessel, en Titel deen eis den Artist Jonn Happ matbruecht huet. Hien ass och nach ëmmer bei eis am Studio. Ma elo klemms du aus der Roll vum Jonn Happi an déi vum Marc Strasser. Du hues d'Asbl "Maach keen Zirkus" gegrënnt, wous du jonken Artistinnen an Artisten d'Handwierk vun der Zirkustechnik erkläers. Wéi gëss du den Nowuesstalenter d'Selbstvertrauen ze soen, "ech packen dat"?
Et muss ee sech jo och mol iwwerwannen, zum Beispill Tissu ass sécherlech net esou einfach, et gesäit op mannst emol spektakulär aus...
Deng Asbl, riicht déi sech just u Kanner a Jugendlecher?
Zirkus an Akrobatik ass jo denken ech eppes, wou ee vill muss dofir üben. Mee wat ee méi üübt, wat een och séier nei Fortschretter feststelle kann... Wou hues du dann eigentlech geléiert?
Elo ganz geschwënn kann een dech - zesumme mam Serge Tonnar a senger Band am weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel, nämlech dem Circus Tonnarelli gesinn. Wéi hutt där zesumme fonnt?
Bäerdorf 17, 18 19 20 21 Mee / Kautebaach 2, 3, 4, Juni an an der Fuussekaul 16, 17, an 18 Juni
Du trëtts awer och elo ganz geschwënn um Beautiful Decay festifal den nächste Weekend zu Käerch op.
Méi informatiounen zum Jonn Häppi an all senge Spektakelen fënnt een dann op denger Internetsäit jonnhappi.lu oder op facebook. Villmools Merci datts du haut hei waars - et huet mech vill gefreet a vläicht gesi mer eis dann den nächste Weekend zu Käerch!