Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Liewe gebéit, mee net gebrach

CinEast-Festival

Vum Liewe gebéit, mee net gebrach

Dräi Fraen an hir Schwieregkeeten, fir schwanger ze ginn. Dat ass de Sujet vum Milcho Manchevski sengem neie Film "Willow". Um CinEast lafen dräi Wierker vum mazedonesche Realisateur.

auto_stories

3 min

Kanner kréien ass net selbstverständlech an, fir eng Koppel, dacks mat enger Mëschung aus onbedéngtem Wëllen, Hoffnung a Verzweiwlung verbonnen. Dat weist den Drama ''Willow'' vum mazedonesche Realisateur Milcho Manchevski.

De Manchevski ass dee bekanntste Realisateur aus Mazedonien. Hie lieft a schafft de Moment zu New York. 1994 hat hie sech mat sengem Filmdebut ''Before the rain'' international en Numm gemaach. Nieft enger Oscar-Nominatioun gouf säi Film virun allem zu Venedeg mam Gëllene Léiw ausgezeechent. ''Willow'' ass dem Milcho Manchevski säi sechste Film.

Universelle Sujet

''Willow'' (Originaltitel : ''Vrbo'') erzielt noeneen d'Geschicht vun dräi verschiddene Fraen, déi all op hir Manéier mat der Schwieregkeet konfrontéiert sinn, fir schwanger ze ginn a Kanner op d'Welt ze setzen. Déi éischt Geschicht spillt an engem aarme Baueremilieu am Mëttelalter, déi zwou aner an der Géigewaart.

Wat déi zwou Zäitschinne matenee verbënnt ass natierlech de Sujet, deen hei eng universell Bedeitung soll kréien. An da sinn et verschidde Motiver oder Situatiounen, déi vun enger Episod zur anerer widderholl oder variéiert ginn, virop d'Symbol vun der Weid, e Bam, deem seng Äscht sech béien awer net ze brieche loossen.

Awerglawen, gëschter an haut

Déi verschidde Forme vu populärem Awerglawen aus dem éischten Deel (zum Beispill wa sech vun der Duerfhex erwaart gëtt, datt si fir e Wonner suergt) fannen am zweeten Deel hire moderne Pendant am reliéise Glawen, respektiv an der Wëssenschaft, vun där een ausgeet, datt se eng Schwangerschaft erméiglecht.

Wat den éischten Episod vun deenen zwee nächsten ënnerscheet, ass haaptsächlech den allgemengen Toun. De mëttelalterlechen Deel ass esou dréchen ewéi déi hiwweleg mazedonesch Landschaft, déi de Manchevski schonn a sengem ''Before the rain'' wonnerbar gefilmt hat. D'Häert vum Liewen um Land an déi strikt Reegelen, déi déi traditionell Familljebezéiunge bestëmmen, dat alles gëtt dem Film scho bal e biblesche Charakter.

D'Episoden zwee an dräi, déi alle béid an der Géigewaart spillen, ginn dogéint duerch Comédie-Sequenzen opgelackert - och wann den Drama séier d'Iwwerhand hëlt.

Struktur iwwerzeegt net ganz, mee staark Actricen

D'Haaptiddi vum Film, nämlech d'Strukturéierung an dräi Geschichten, iwwerzeegt net ganz. Déi drëtt Geschicht kann een duerchaus als eng Zort Synthees vun deenen zwou éischten interpretéieren : d'Adoptioun als méiglech wann och schwiereg Alternativ. Allerdéngs sinn déi zwou lescht Partien enk matenee verbonnen. De Film wierkt doduerch e bëssen desequilibréiert, wat d'Iddi vun der Konfrontatioun tëschent zwou Epochen e bëssen ofschwächt.

Am grousse Ganzen ass dat net all ze schlëmm. Dat wat een ze gesi kritt ass staark genuch, an déi dräi Interpretinne Sara Klimoska, Natalija Teodosieva a Kamka Tocinovski bréngen et fäerdeg, de Spectateur emotional ze paken.

Bleift ze bemierken, datt ''Willow'' um CinEast-Festival an zwou Versioune gewise gëtt : eng weiblech an eng männlech. Den eenzegen Ënnerscheed ass deen, datt déi éischt Geschicht an der weiblecher Versioun e bësse méi laang ass.


''Willow'' ass online ze gesinn am Kader vum CinEast-Festival.