Radioen

On air

Al Schanken  |  Carolyn Wonderland - Trouble in the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Techno, Berlin und die große Freiheit

31 Joer "Tresor"

Techno, Berlin und die große Freiheit

Berlin ass jo bekanntlech sou eppes wéi d'Haaptstad vun der elektronescher Musek an der Clubkultur. Ee vun de bekanntsten an aflossräichsten Clubs ass den Tresor, deen elo mat engem Festival an enger Ausstellung zu Berlin säi ronne Gebuertsdag nofeiert.

auto_stories

3 min

Foto: picture-alliance/ ZB | Jens Kalaene

Berlin kuerz nom Mauerfall, eng Stad als Labo fir kulturell Experimenter. Vill ongenotzte Fläch a wéineg bürokratesch oder wirtschaftlech Barrièrë waren d'Viraussetzunge fir eng musikalesch Revolutioun, déi bis haut undauert an der Stad hire Stempel opgedréckt huet.

"Techno, Berlin und die große Freiheit" dohier och den Titel vum Gebuertsdagsprogramm vun deem Club, deen deemools, Ufanks der 1990er-Joeren dës Beweegung wéi keen anere gepräägt huet: den Tresor.

Den Numm kënnt net vun ongeféier, well de legendäre Club war Ufanks an engem alen Tresorraum beim Potsdamer Platz. Eng musikalesch Oase am Post-Wende-Niemandsland, dat awer séier zu engem lukrative Baugebitt gouf.

Ee Réckbléck op d'Geschicht vun der Technozeen

A sou huet den Tresor 2005 seng Dieren hei missen zoumaachen, mee huet an engem ale Kraaftwierk eng néi Heemecht fonnt.

A genee hei gëtt grad iwwer siwe Woche mat engem Festival an enger Ausstellung de pandemiebedéngten net ganz sou ronnen 31. Anniversaire gefeiert an op d'Geschicht vum Club an der Technozeen zeréckbléckt.

Als rengen Nostalgietrip wëllt den Adriano Rosselli de Programm awer net verstoen. De Curateur seet et wier schwéier, dës faszinéierend Ufankszäit zu Berlin net ze romantiséieren, well et eben déi wichtegst Jore vun der Technobeweegung waren. Haut wier et schliisslech e Massephenomen.

Déi opreegend a chaotesch Ufankszäit vum Tresor an der Berliner Technozeen gëtt an der Ausstellung unhand vu Videoinstallatiounen an Archivmaterial zougänglech gemaach. Deemools war et déi grouss Opbrochstëmmung, haut geeschtert zanter Joren de Begrëff "Clubsterben" duerch d'Berliner Nuetsliewen.

D'Dot-it-yourself-Mentalitéit an de Fräiraum vun deemools wieren haut zu Berlin net méi sou einfach ze fannen, seet den Adriano Rosselli. Déi Clubs, déi haut d'Nuetsliewe prägen, wiere mëttlerweil Institutiounen, déi et scho joerzéngtelaang gëtt.

De Bléck an d'USA an op jugendlech Subkulturen

Am Mëttelpunkt vun der Ausstellung steet zwar den Tresor a seng Plaz an der Technogeschicht, mee et war de Curateure wichteg, de Bléck och op aner, connectéiert Sujeten ze riichten.

D'Roll vun der amerikanescher Industriestaat Detroit, aus där den Technosound säi Wee op Berlin fonnt huet, gëtt genee sou thematiséiert wéi jugendlech Subkulturen oder d'Vergaangenheet an d'Zukunft vum Berliner Stadbild.

Den Tresor ass also just Ausgangspunkt fir eng Ausernanersetzung mat ganz verschiddene Sujeten.

Méi wéi just eng Ausstellung

Den Highlight ass wuel der Kënschtlerin Anne de Vries hir Installatioun "Stomping Ground", fir déi den ursprénglechen Tresor mat Sand nogebaut gouf. Iwwer Kopfhörer begleeden een Zäitzeien duerch dëst immersiivt Konschtwierk an erziele vun exzessiven Owender. Dës archeologesch Rekonstruktioun vum Club wier ee Versuch dëse réckbléckend besser ze verstoen, seet den Adriano Rosselli.

Niewent der Ausstellung am brutalistesche Kraaftwierk gëtt et fir den Anniversaire awer och nach divers Talks an natierlech eng ganz Rëtsch musikalesch Highlighten.

Dorënner al Bekannten ewéi dem Detroiter Technokollektiv Underground Resistance an Newcomer ewéi dem brittesche Rapper Blackhaine.

"Die große Freiheit" ass haut zwar keng Selbstverständlechkeet méi, an awer beweist Tresor 31, wéi ee Stellewäert Techno zu Berlin ëmmer nach huet.