Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joesef - Just Come Home With Me Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "When They See Us"

Seriekritik

"When They See Us"

Eng performant Schauspillerleeschtung an e wäertvollen Temoignage fir déi afroamerikanesch Communautéit, nennt d'Lara Bousch d'Serie "When They See Us", déi op Netflix ze gesinn ass.

auto_stories

4 min

Et si Kanner, mee an den Ae vun der Enquêteuse si si Déieren, well si schwaarz sinn a well soss op den éischte Bléck keen do war, deen de Viol kéint begaangen hunn.

Wie soll et soss gewiescht sinn? Déi Mëller hu jo och nach zwee aner Leit fir d'Spidol räif zerklappt a Cycliste belästegt.

Mee den Antron, de Kevin, de Raymond, de Yusef an de Korey sinn alle véier ënner 16 Joer a verstinn net, firwat si forcéiert gi Saachen ze soen een iwwer deen aneren, déi fir si kee Sënn erginn. Mee et déngt näischt. D'Enquêteure gi sech net. Hues du d'Fra vergewaltegt, däi Penis a si gestach, hir d'Kleeder vum Leif gerass? Oder waren et déi aner? Hëllef eis, a mir hëllefen dir. Ënnerschreif, an du kanns heem goen.

"When They See Us" zielt d'Geschicht vun de fënnef Central Park Jongen, déi am Joer 1989 accuséiert goufen e brutale Viol un enger Joggerin begaangen ze hunn. D'Joggerin war wäiss an d'Duechter vun engem räiche Mann an hat keng Erënnerung méi un de Viol.

Fir d'Jonge war et en normalen Dag am Liewe vun engem Teenager aus Harlem. Si koume grad aus der Schoul oder hu mat hirer éischter Frëndin geflirt, wéi hinnen op emol e Grupp Jongen opfält, déi mat Boomboxen duerch d'Stroosse Richtung Central Park zéien. Spéider an den Zeitunge wäert et heeschen, si koumen aus hirem Véierel mat lauter Misär, Haass a Kriminalitéit, nëmme mam engem Zil, ze zerstéieren an ze vergewaltegen.

Tëschent de Jongen, déi einfach an de Park ware fir mat hire Kolleegen ofzehänken an de spéideren Accusatioune louch virun allem eng kleng Dos Pech an eng gutt Dos Policegewalt.

Gewalt, a virun allem staatlech Gewalt géint Minoritéiten, ass net eréischt en Theema zanter dem Doud vum George Floyd. D'Ava DuVernay ass d'Creatrice vun dëser Serie. Si ass déi éischt schwaarz Fra, déi als bescht Directrice beim Sundance Festival priméiert gouf an och déi éischt schwaarz Fra, déi fir e Golden Globe nominéiert gouf, dëst fir hire Film "Selma", eng Chronik iwwer de Martin Luther King. Et ass also net egal wien, deen dës Serie geschafen huet. Hir fréier Professioun als Journalistin huet der Ava DuVernay sécher gehollef an de Recherchë fir hir Filmer. Well d'Geschicht vu "When They See Us" ass u reelle Faiten inspiréiert, an d'Jongen, déi hautdesdaags Männer sinn, dauchen och um Schluss vun der Serie op.

E gutt Beispill

"When They See Us" ass e gutt Beispill fir ze verstoen, wéi Virurteeler a Rassismus fir Mënsche mat enger anerer Hautfaarf zu Feeler a Mësshandlunge féieren. Dat besonnescht frappant ass, datt d'Affer an dësem Fall esou jonk waren an hir Elteren nëmme konnten nokucken, wéi de Stad aus hire Kanner Krimineller mécht, ouni datt en tatsächlech Beweiser fir hir Schold hätt, ausser Geständnisser, déi no stonnelaangem Verhéier aus de Kanner erausgepresst goufen.

Wie keng Loscht huet d'Serie ze kucken, well d'Theema deprimant a laang bekannt ass, verpasst awer eppes. D'Qualitéit vun der Serie läit nämlech net onbedéngt an hirer Opklärungsaarbecht, mee virun allem an der gudder Realisatioun an dem performante Schauspill vun de jonken an erwuessene Schauspiller. Et ass eng Produktioun, déi an all hire Punkten authentesch an usprochsvoll ass. Net fir näischt war d'Serie nominéiert fir ganzer 16 Emmy Awards, déi wichtegst Präiskategorie fir Fernsee-Serien. Datt der Ava DuVernay hir Aarbechten op esou ëffentleche Kanäl lafen, a si bedeitend Auszeechnunge gewënnt, weist datt endlech e Wandel an der Representatioun vu schwaarze Mënschen amgaang ass.

D'New York Times schreift esouguer vum "DuVernay Test", a freet, op schwaarz Mënschen oder aner Minoritéiten an hirer Representatioun och ausgebilte Charaktere mat engem eegene Liewen duerstellen oder op si just Bäiwierk si vun Zeenen, déi haaptsächlech vu Wäissen dominéiert sinn.

Esou kann ee soen, datt d'Wierk vun der Ava Duvernay och d'Zil huet, net nëmme wäiss Mënsche mat hire Geschichten an Hollywood Filmer ze gesinn, mee virun allem endlech och mol déi schwaarz Geschichten, déi un d'Kultur an der Gesellschaft vun Amerika genee esou bedeelegt sinn.