Een Deel vun där Geschicht, nämlech déi éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert, gëtt nach bis de 16. Februar 2021 an enger Ausstellung am Diddelenger Centre de documentation sur les migrations humaines behandelt: "Ressortissants d'un empire en miettes. Prisonniers de guerre, réfugiés, migrants originaires de la Russie des tsars au Luxembourg". Dës Migratiounsgeschicht gëtt unhand vun eenzele Schicksaler illustréiert.
D'Ausstellung baséiert op der méi ausféierlecher Etüd "100 Jahre Russen in Luxemburg. Geschichte einer atomisierten Diaspora" vun der Inna Ganschow. Wéi de Buchtitel et scho seet: déi russesch Awanderung hei am Land war alles mee net homogen. "Fir déi Lëtzebuerger Administratioun sinn dat 'd'Russen'", erkläert d'Autorin:
"Offiziell stëmmt dat souwäit se all deen een oder anere russesche Pass hunn: en Zarepass virun 1917, e sowjetesche Pass duerno. Mee wa mer se eis méi genee ukucken, dann hunn déi eng Georgesch als Mammesprooch, déi aner si vu jiddeschem Glawen, nach anerer sinn Adeleger oder Baueren, déi am Wandel sinn... Natierlech haten all déi Mënschen och a Russland wéineg mateneen ze dinn, an déi Ënnerscheeder mierkt een ëmsou méi wa si auswanderen. Jiddweree probéiert säin eegent verluerent Russland nozebauen.''
Op Lëtzebuerg schaffe kommen
Déi meeschten Awanderer aus dem Zareräich waren Aarbechter. D'Stolaarbechter goungen an de Minett, zu Wolz war et d'Liederindustrie, zu Mäertert hu se Plättercher produzéiert.
"Lëtzebuerg war ni u sech d'Zilland, well et esou Russefrëndlech gewiescht wier oder aus wéi enge Grënn och ëmmer. Et ware geziilt ausgewielte Betriber, an deenen Aarbechter en masse agestallt goufen. An déi Aarbechteridentitéit ass joerzéngtelaang heibliwwen. Mir ass et ënner anerem drëm gaangen, déi Aarbechteridentitéit emol op d'Säit ze leeën, fir ze kucken, a wéiwäit den Gender oder den Alter hir Migratiounsgeschicht beaflosst hunn."
Eleng d'Tatsaach, datt d'Russen iwwer d'Land verdeelt waren, huet d'Formatioun vun enger homogener Communautéit schwiereg gemaach, erkläert d'Inna Ganschow:
"Egal wéi grouss oder kleng déi Communautéit zu verschiddene Momenter am 20. oder 21. Joerhonnert war: et ass hir ni gelongen, eng koherent Communautéit opzebauen, wou eng Generatioun déi nächst empfaangen, weidergedroen, vermëttelt hätt. Et si Gruppen, déi sech ofkapselen, dozou tendéieren, ënner sech ze bleiwen. Déi Russen, déi virdrun oder duerno koumen, hunn et net fäerdeg bruecht, mateneen ze verschmëlzen."
De Parcours vum Awanderer ass kee lineairen, sou d'Inna Ganschow:
"D'Migratioun stelle mir eis ëmmer vir als eng Wanderung vun A op B, vum Hierkonfts- zum Zilland. Migratioun ass awer ni eng Einban. Do gëtt et esou vill Weeër mat Kéieren. Virun allem zitt een net iwwer d'Grenz - dacks ass et d'Grenz, déi iwwer d'Mënschen ewech gezunn ass! Si waren an engem Land, d'Grenz gouf nei gezunn, do waren se op eemol an engem anere Land. Et sinn och sozial Grenzen, iwwer déi ee geet. En Offizéier gëtt zu Lëtzebuerg en Aarbechter. Wéi et keng russesch Kierch gouf, hu sech verschiddener zum Katholizismus bekéiert, fir weiderhin de Chrëschtentum bäizebehalen. Datt mer déi russesch Migratioun méi am Detail kucken, datt sech méi weist, wéi heterogen, zersplittert, atomiséiert déi Diaspora war.''
Sozial Heterogenitéit
De sozialen Deklassement war fir d'Awanderer d'Reegel. Et gouf awer duerchaus och Ausnamen, wéi d'Beispill vum Boris Tolly weist:
"Hie war a Russland Ingenieur an engem Stolwierk, an deem Lëtzebuerger Kapital vertruede war. No der Revolutioun war d'Kapital fort, et goung zeréck op Lëtzebuerg, an de russeschen Ingenieur war mat komm. De Boris Tolly huet kee sozialen Deklassement erlieft. Hie war Ingenieur bliwwen a gouf Direkter vun Wierk zu Rodange."
Nom russesche Biergerkrich, vun 1917 bis 1923, hu sech 150.000 Zaldote vun der zaristescher Arméi uechter Europa verdeelt. Verschidde vun dëse Wäissgardisten haten de Wee op Lëtzebuerg fonnt, sou d'Inna Ganschow:
"Ee vun hire Kommandanten, de Baroun Wrangel, 1925 op Bréissel geplënnert war. Dës Zaldoten, alles Männer an Uniform, waren hirem Arméikommandant nogaangen. Deelweis op Lëtzebuerg, well dat net wäit vu Bréissel ewech war. Des weidere war Lëtzebuerg net wäit ewech vu Frankräich, wou eng riseg russesch Communautéit entstane war. Eng aner Erklärung, firwat et Russen heihi gezunn sinn, ware perséinlech Bezéiungen tëschent Lëtzebuerger Ingenieuren a Lëtzebuerger Direktere vu Fabrécken a Russland. Zum Beispill de Raymond de Muyser, deen 20 Joer a Russland gelieft hat an deem seng Kanner all do gebuer goufen. Do si Bezéiungen, déi net opgeléist ginn."
Wärend dem Zweete Weltkrich koume jonk russesch Zwangsaarbechterinnen op Lëtzebuerg:
"Déi goufen op Lëtzebuerg verschleeft well d'Land deemools zum Drëtte Räich gehéiert hat. Wéinst dem Krich gëtt méi Stol gebraucht, domat ass méi Personal néideg - mee dat gëtt deelweis rekrutéiert fir op der Ostfront ze kämpfen, wouduerch ee se dann duerch Aarbechter aus den Ostgebidder ersetzt. Allerdéngs sinn dat haaptsächlech Aarbechterinnen, déi kuerz virdrun nach an der Schoul waren, also ganz jonk Fraen."
Russesch Identitéit
Eng Fro, déi sech stellt, ass déi vun der Integratioun. Wéi sinn d'Russen hei am Land mat hirer Identitéit ëmgaangen?
"An der éischter Generatioun kann een nach esou vill fleegen a behalen. Der zweeter Generatioun gëtt vläicht nach d'Sprooch vermëttelt, mee éischter gëtt een déi kulturell Praktike weider. Déi drëtt Generatioun behält dann nach gewëssen Traditiounen, Gewunnechten am Stot. Mee do ass d'Sprooch scho vläicht verluer. Méi kleng Gruppe verléiere méi séier hir Identitéit, passe sech méi séier dem méi groussen Ëmfeld un."
Iwwer déi aktuell russesch Immigratioun zu Lëtzebuerg wier et aus Dateschutzgrënn schwéier, präzis Informatiounen ze kréien, seet d'Inna Ganschow. Des weidere géif den historesche Recul feelen. Ëm déi 100 perséinlech Interviewen huet d'Fuerscherin gefouert, fir sech en ongeféiert Bild ze maachen. Si ass zur Konklusioun komm, datt déi russesch Awanderer hautdesdaags sozial méi homogen sinn an zu engem groussen Deel vun den Aarbechtsméiglechkeeten hei am Land ugezu sinn.