De Jury vum renomméierte Lëtzebuerger Literaturpräis "Prix Servais" huet d'Shortlëscht mat de Buchtitele publizéiert.
Nominéiert si fir de Servais-Präis 2023:
- Tomas BJØRNSTAD, Von der schönen Erde, Fragmente & Skizzen, Éditions Guy Binsfeld, 2022
- James LEADER, High Talk, Poems, Éditions Phi, 2022.
- Carla LUCARELLI, Chantiers du désir. Aux spectres glissants, Nouvelles, Éditions Phi, 2022.
- Jérôme QUIQUERET, Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910, capybarabooks, 2022.
- Guy REWENIG, Schnatt, Roman, Éditions Guy Binsfeld, 2022.
Zanter 2018 publizéiert de Jury vum Servais-Präis eng Shortlëscht fir op d'Diversitéit an d'Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen an esou zu der Promotioun vun de Schrëftsteller*innen an hire Wierker bei der Lieserschaft an an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen. D'Laureatin oder de Laureat vum Prix Servais 2023 gëtt Enn Abrëll annoncéiert. De Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.
De Jury vum Prix Servais 2023 gëtt vum Sébastian Thiltges presidéiert a besteet aus folgende Memberen:
Simone Beck, Fabienne Gilbertz, Odile Linden, Henning Marmulla, Pierre Marson, Alex Reuter, Shari Schenten an Aimée Schultz.