Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lata Gouveia - Radio Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouni Kompromëss keng erfëllten Dreem

Luxfilmfest

Ouni Kompromëss keng erfëllten Dreem

"Amal" ass e Portrait iwwert e jonkt Meedchen, a wéi seng Generatioun dat arabescht Fréijoer erlieft. De Film fänkt 2012 mat der ägyptescher Revolutioun un. De Mohamed Siam proposéiert eng Zort Coming-of-Age-Documentaire, dee sech an engem turbulente politesche Kader ofspillt. D'Maxi Pesch huet mam ägyptesche Realisateur iwwert d'Dreem vun enger jonker Generatioun, iwwert d'Geschlechter an iwwert den arabesche Länner an d'Gewalt an Ägypten geschwat.

auto_stories

4 min

MP: Wéi hutt Dir d'Amal kënne geléiert?

MS: Ech hunn de Personnage net gesicht. Ech sinn zoufälleg op d'Amal gestouss. Ech war am Gaang e Grupp vun Hooligans ze sichen. Dat ware bal alles jonk Männer, a bei hinnen hunn ech d'Amal gesinn. Hatt war kleng, mä seng Stëmm war immens präsent. Ech wousst net direkt, ob et e Jong oder e Meedche wier. A säi Behuelen am Grupp vu Männer huet mech ugezunn. Ech krut Loscht, hatt ze suivéieren, mä ech wousst nach net genee a wéi eng Direktioun. Et war vague am Ufank an et war Zoufall.

Wousst Dir direkt, datt Dir e Film iwwert déi ägyptesch Revolutioun wéilt maachen?

Neen, mäi viregte Film war iwwert d'Police. Ech wollt kee Film iwwer d'Revolutioun maachen, mä éischter iwwert d'Konsequenze vun der Revolutioun. Beim Amal hunn ech gesinn, datt hat representativ fir eng ganz Generatioun ass. A wéi schwéier déi Generatioun et während der Revolutioun hat.

D'Amal ass jo awer éischter e spezielle Fall. Kann een da wierklech soen, hat wier representativ fir eng ganz Generatioun?

Et ginn eng ganz Rei Clichéen iwwert Fraen an der arabescher Welt. Mä a Wierklechkeet sinn d'Fraen dohannen immens staark. D'Amal ass e Resultat vun deem Environnement, an deemno representéiert hatt déi Welt vun de staarke Fraen. Hatt ass awer speziell, well et ëmmer un der Limitt ass.

Et ass also och e Film iwwert d'Geschlechter?

Ee groussen Deel vum Film dréint ëm d'Identitéit. Dozou gehéieren eng ganz Rei Saachen: D'Geschlecht, d'Dreem, d'Léift, d'Educatioun. Hatt huet decidéiert, an engem Entourage vu Männer ze sinn. Wéi am Film, wou hatt seet: Entweder sinn ech eng Fra an ech ginn net respektéiert, oder ech si mat de Männer a gi respektéiert.

Dir schwätzt vun Dreem. Dat ass och e wichtege Punkt an ärem Documentaire. D'Amal an déi ganz Generatioun hunn Dreem, a si gi se lues a lues op ...

D'Amal bekämpft säi Liewe laang d'Police. Mä no fënnef bis sechs Joer iwwerleet hatt souguer, selwer an d'Police ze goen. Dat ass e staarkt Zeechen am Film. Et weist, wéi eng Generatioun kee grousse Choix iwwert hir Zukunft huet. De Feind muss zum Schluss den Alliéierte ginn, well et kee Choix gëtt. Et ass e Policestaat. Ech schwätzen immens gären iwwert d'Dreem. Ech hunn et vun Ufank bis zum Schluss vum Film duerchgezunn. Ech wollt weisen, wéi schwéier et ass, grouss Saache wéi e politesche System z'änneren. An ech wollt weisen, datt en Dram ouni Kompromëss net kann erfëllt ginn.

Dem Amal säi Papp stierft, wéi hat eelef Joer huet. Hie spillt eng grouss Roll a sengem Liewen. Iwwerhaapt gëtt de Konflikt tëschent de Generatioune gewisen. D'Amal ass sech ni eens mat senger Mamm, wann et ëm Politik geet.

Dëse Konflikt besteet ganz dacks. An all Famill ginn et esou Diskussiounen. Déi méi al Generatioun wëllt de Status quo bäibehalen. Si wëlle Sécherheet, an an der Comfort zone bleiwen. Déi Jonk sichen de Changement.

Dir hutt d'Kameraaarbecht selwer gemaach. Do ginn et verschidde ganz impressionnant Biller um Tahir Square, wou een d'Gewalt richteg spiert. Wéi hutt Dir dat gemaacht?

Ech hunn decidéiert, ganz städtesch Biller um Stativ ze dréinen. Et si keng Biller, déi een op Youtube erëmfënnt. Ech hunn een Effort gemaacht a vill Zäit gebraucht, fir meng Kompositioun zesummenzestellen, datt se genee sou ass, wéi ech se gären hätt. Et war immens geféierlech. Ech hu Leit gesi ronderëm mech stierwen. Ech wollt dee Kontrast weisen: Eng nervös Welt, déi mat enger roueger Kamera agefaange gëtt. Kontemplativ.

Wéi huet dëse Film Iech perséinlech emotional beréiert? Wann Dir sot, Dir hutt Leit gesi stierwen?

All Film deen een ofschléisst, mat deem ee während e puer Joer gelieft huet, verännert een. Dat ass normal. Beim Amal hunn ech de Lien mat enger anerer Generatioun gemaacht. Ech hu besser verstanen, wéi déi Generatioun denkt. An ech hu mech och missen änneren, fir dëse Lien mat de Jonken ze halen. Et kritt een eng 360 Grad-Perspektiv. Et ass och déi éischte Kéier, datt ech e Film iwwert eng Fra dréinen. Mir gouf d'Perspektiv vu der Fra an dëser Welt gewisen.

De Film huet ee gewësse melancholesche Bäigeschmaach. En hält net positiv op ...

Ech hätt d'Enn och kéinte méi positiv maachen, mä ech wollt dat net. Well ech der Meenung sinn, datt de Kino d'Leit muss perturbéieren, fir datt d'Leit och änneren. Fir mech ass et wichteg, d'Liewe vun de Spectateuren ze touchéieren.

Mohamed Siamplay_arrow