Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - Chevrotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Negativ Vibratiounen aus dem Pool

Nei am Kino

Negativ Vibratiounen aus dem Pool

Portugisesch Horrorfilmer sinn éischter méi rar: a "Faz-me companhia" spigelt e Swimmingpool de Gemittszoustand vun enger lesbescher Koppel erëm . Eng gutt Iddi, leider net esou gutt ëmgesat.

auto_stories

3 min

Déi schwanger Silvia (Cleia Almeida) trëfft sech mat der méi jonker Clara (Filipa Areosa) an enger diskreter Vakanzevilla am Süde vu Portugal. Fir béid Frae bitt dëse Weekend um Mier d'Geleeënheet, fir sech Gedanken iwwer hir vertraulech Bezéiung ze maachen. Ëmmer erëm gëtt hiren Openthalt awer vu Geräischer gestéiert, déi vum Swimmingpool virun der Villa ausginn. D'Clara fillt sech ëmmer méi beonrouegt: hatt héiert net nëmmen d'Pompel, mee och eng weiblech Stëmm.

''Faz-me companhia'' (Hal mer Gesellschaft) ass en Horrorfilm, den éischte Long-métrage vum portugisesche Realisateur Gonçalo Almeida. Well et ausser den zwou Protagonistinne keen anere Mënsch ze gesi gëtt, kéint ee mengen, d'Handlung wier en (Alp-)Dram oder d'Produkt vun der Fantasie vun enger vu béiden.

Klassescht Motiv vum Horrorgenre

Et ass bei Wäitem net déi éischte Kéier, datt d'Motiv vum Swimmingpool am Horror-Genre eng Roll spillt. Ze ernimmen ass zum Beispill dem Jacques Tourneur säin Hollywood-Klassiker ''Cat People'' vun 1942. Virun dëser naasser Kuliss goufe souwuel ganz graff Slasher-Movies wéi méi subtil psychologesch Wierker gedréit. ''Faz-me companhia'', dee sech ganz ëm de Pool organiséiert, gehéiert zur zweeter Zort.

Am Film gëtt e Parallelismus duergestallt tëschent der Schwemm virun der Villa an dem Gemittszoustand vu béide Fraen. De Baseng spigelt - wann een esou wëllt - déi psychologesch Déift oder d'Ënnerbewosstsi vun de Personnagen. Well hir Bezéiung net méi déi allerbescht ze si schéngt, gi vum Swimmingpool och éischter negativ Vibratiounen aus. A Biller iwwersat gesäit een eng ondefinéiert däischter Substanz, déi Nuets duerch e Rouer an d'Waasser geleet gëtt an et méi dréif mécht.

De Film setzt och op eng bedrolech Geräischkuliss, mat ofgeschwächten Ënnerwaassertéin. Éier et schwamme geet stécht sech d'Silvia systematesch Stëpp an d'Oueren, wéi wann et onbewosst deene Stëmme wéilt entkommen, déi senger Frëndin Angscht maachen: Stëmmen, déi him vläicht signaliséieren, datt et mat hinnen zwee net méi esou gutt klappt. Zousätzlech ass de Film praktesch permanent vu Soundteppecher ënnermoolt, wat no enger Zäit allerdéngs e bëssen nervt.

Problemer mam Rhythmus

Leider ass déi bedrolech Atmosphär net spannend genuch opgebaut. Et feelt déi graduell Entwécklung, och an der Degradatioun vun der Koppel. Am Ufank kritt een net emol Passioun virgetäuscht (quasi ugedoe Sexzeen am Bett ...), et spiert een eigentlech direkt de Manktem u Bëss an där Bezéiung.

Wat ee gewise kritt ass zimmlech monoton: déi selwecht Biller oder Aktioune gi widderholl, wéi dat dréift Waasser oder d'Blutt, dat dem Clara aus der Nues leeft. Den Haaptproblem vum Film läit sécherlech beim Rhythmus vum Montage, dee vill ze lues ass. Do hëllefe bestëmmt och net déi sëlleg Ralenti-Sequenzen, mat deenen déi duergestallte Liewensfreed verpuffe gelooss gëtt. Dat Ganzt wierkt wéi e Kuerzfilm, dee gestreckt gi wier fir op d'Dauer vun engem Long-métrage ze kommen (eigentlech och just 85 Minutten).

''Faz-me companhia'' ass vun enger interessanter Grondiddi ausgaangen. Allerdéngs hapert et bei der Ëmsetzung, virun allem beim fir den Horror-Genre esou wichtege Rhythmus. Vereenzelt Schockmomenter ginn do net duer, fir datt de Spectateur sech wierklech kéint grujelen.