Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Remote

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Murina" mam Grand Prix belount

CinEast 2021

"Murina" mam Grand Prix belount

Déi 14. Editioun vum CinEast-Festival ass e Sonndeg op en Enn gaangen. Als beschte Film gouf schonn den Owend virdrun de kroateschen Drama "Murina" ausgezeechent. E Bléck op de Palmarès vum Festival fir mëttel- an osteuropäesche Kino.

auto_stories

3 min

Dräi Filmer hu sech ënner deene siwe vun der offizieller Kompetitioun relativ däitlech wéinst hire Qualitéiten ofgehuewen. All goufen se mat deem engen oder anere Präis belount. Déi international Jury huet "Murina", den éischte Long métrage vun der kroatescher Realisatrice Antoneta Alamat Kusijanović, mam Grand Prix fir dee beschte Film ausgezeechent. Déi Decisioun ass net méi ewéi logesch.

"une histoire de passage à l'âge adulte racontée avec une vigueur gracieuse et avec une incroyable mise en scène de détails."

Sou huet de Jurypresident, de rumänesche Realisateur Radu Jude, de Choix vu senger Equipe de leschte Samschdeg am Kinepolis um Kierchbierg begrënnt. Virum bal paradiseschen Hannergrond vun enger Insel op der dalmatescher Küst entwéckelt "Murina" déi komplex Relatiounen tëschent véier Personnagen: e jonkt Meedchen, säi Papp, seng Mamm an e Familljefrënd.

D'Bezéiunge bannent dëser Konstellatioun sti permanent ënner dem Zeeche vun der Ambivalenz. Villes gëtt ugedeit, ni kritt een eendeiteg gesot, wéi deen een zu deem anere steet. Dëse Flou vun de Gefiller, déi een nach net richteg anuerdne kann, zeechent ganz gutt de Passage zum Erwuessenenalter aus.

"...cinématographie envoûtante"

Op eng aner Manéier mysteriéis ass "Never gonna snow again", vum polneschen Duo Malgorzata Szumowska a Michal Englert. Dee Film gouf mam Spezialpräis vun der Jury vertréischt, "pour une critique sociale bien ficelée, une cinématographie envoûtante et pour son réalisme magique."

Hei verfollege mer e jonken ukrainesche Masseur, dee mat sengem zouklappbare Massage-Dësch duerch en hyperkontrolléierte residentielle Quartier vun der gehuewener polnescher Mëttelklass pilgert, wou en den existenziell blutteidelen Awunner seng esoteresch ugehauchten Heeldéngschter ubitt. "Never gonna snow again" kombinéiert eng bësseg Gesellschaftssatir mat engem zudéifst empathesche Bléck op Mënschen, där hire materielle Wuelstand se net vu séileschem Leed verschount.

De Pressejury huet fir säin Deel dem Rumän Bogdan George Apetri fir säin Drama "Miracle" de Kritikerpräis verginn. Et ass d'Geschicht vun enger jonker a schéiner Novizin, déi vergewaltegt gëtt, an engem Polizist, dee sech d'Gesetzer esou gebéit fir de Fall a sengem Sënn opzeklären.

D'Membere vum Pressejury hunn ënner anerem déi ambitiéis Form, déi laang Kamerabeweegungen, impressionnant Biller an eng dicht a bedréckend Atmosphär ervirgehuewen.

Fir d'éischt gouf et um CinEast-Festival och e Jury vu Jugendlechen. Deen huet de polnesche Coming of age-Film "Love tasting" vum Dawid Nickel mam Prix jeunes talents priméiert, wärend dem Publikum bei dëser Editioun "Love around the world" vun der kroatescher Koppel Davor an Andjela Rostuhar am beschte gefall huet.

Wou bleift de Publikum?

Genee ewéi d'lescht Joer war de CinEast erëm en hybride Festival, mat der Méiglechkeet, déi meeschte Filmer och via eng Plattform kënnen ze streamen. Wéi vill Spectateuren de Festival genee iwwer zwou an eng Hallef Wochen an d'Säll respektiv doheem virun de klengen Ecran gelackelt huet, doriwwer hunn d'Organisateuren nach keng offiziell Zuele genannt.

Wéi et ausgesäit ass de grousse Rush awer ausbliwwen. Entweder ass d'Corona-Pandemie an den Ae vum potenziell interesséierte Publikum nach net wierklech eriwwer, oder - an dat wier méi problematesch - d'Gewunnechten hu sech scho méi dauerhaft verännert - op Käschte vum Kino.


D'Streamingplattform vum CinEast-Festival bleift nach bis de 7. November zougänglech.