Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Mountains & Valleys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ München, e Summermärchen

Konzeptkonscht

München, e Summermärchen

De Marcel Duchamp huet mat senge "Readymades", also sengen "objets trouvés", de gängege Konschtbegrëff Ufank vum 20. Joerhonnert radikal a Fro gestallt. Hie gëllt als ee vun de Pappe vun der Konzeptkonscht, huet den Terrain fir Dadaismus a Surrealismus preparéiert. Mat dozou inspiréiert hätt hien en Openthalt zu München. An deen Episod huet de Roman Muradov gutt 100 Joer drop zu der Graphic Novel "Les aventures de Munich dans Marcel Duchamp" inspiréiert.

auto_stories

4 min

Wéi war dat scho méi: hannert jiddwer erfollegräichem Mann steet eng staark Fra? De Marcel Duchamp hat genee Virstellungen, wéi eng do stoe sollt. Mee d'Gabrielle Buffet-Picabia war net nëmme bestuet, hire Mann Francis war Moler an e Kolleeg vum Kënschtler. An awer war d'Gabrielle, mat där hie vill méi spéit tatsächlech eng Liaisoun hat, mat en Haaptgrond fir de 24 Joer jonken Duchamp, fir Paräis geknéckt fir dräi Méint ze verloossen. En anere war, datt säi Wierk "Nu descendant un escalier", haut eng vun den Ikone vum Modernismus, fir de "Salon des indépendents" refuséiert gi war.

Op Münche war den Duchamp héchstwarscheinlech net wéinst Münche komm, mee well de Kéi- an Déieremoler Max Bergmann am Norde vun der Stad gelieft huet. Déi zwee hate sech bei engem längere Studienopenthalt vum Bergmann zu Paräis kennen- a schätze geléiert. Interessant ass, datt déi zwee sech kënschtleresch net wierklech beaflosst, sech dofir awer grandios zesummen am Paräisser Nuetsliewen ameséiert hunn. De Bergmann a seng kleng Kënschtlerkolonie zu Haimhausen waren deemno dem Marcel Duchamp seng éischt Statioun a Bayern. Um Programm stounge Molen, Partyen, Muséeën.

Kënschtleresch mee keng biografesch Tracen

Den Duchamp war Dauergaascht an de Münchner Konschtinstitutiounen, wou hie besonnesch vill Zäit viru Lucas-Cranach-Aarbechte verbruecht huet, mee hie war och faszinéiert vun den techneschen Exponaten am Deutschen Museum. Relativ schëtzeg no sengem Retour huet den Duchamp seng éischt Readymades presentéiert, an der Molerei de Réck gedréit. An hien huet 40 Joer drop deklaréiert, datt den Openthalt zu München den Uert vu senger totaler Befreiung gewiescht wier.

Et weess een net, wat an deenen dräi Méint am Summer 1912 konkret geschitt ass. De Marcel Duchamp huet net Buch geféiert, respektiv et ass näischt esou fonnt ginn. Curateuren a Wëssenschaftler hu wuel kënschtleresch, mee keng biografesch Tracë fonnt. A genee dat huet dem Illustrator, Auteur an Héichschoulenseignant Roman Muradov den néidege Raum, den Uert vu senger Befreiung, ginn.

Déi Geschicht, déi hien op 118 Säiten, am positive Sënn, zesummespënnt, wierkt visuell esou, wéi wa se carrement aus him erausgefloss wier, wéi wann hie sech a sengem zeechnereschen an textlechen Äifer guer net méi hätt bremse kënnen.

D'Waff fir eng nei Konscht?

"Les métaphores sont des images concrètes posées sur des socles fragiles" heescht et op enger Plaz. Effektiv verléiert den Duchamp, an den Illustratiounen, am Heinrich von Zügel sengem Zeechecours fir Profien op eng brutal Manéier en Aarm a verbréngt duerno vill Zäit domat, eng Hellewull Spezialisten zesummen ze sichen, déi him, no sengen Entwërf, de perfekten neien Aarm modeléieren.

D'Waff fir eng nei Konscht ? Datt hien e Faibel fir den Duchamp hätt, huet de Romanov schonn 2018 a senger Graphic Novel "On Doing Nothing, Finding Inspiration in Idleness", iwweregens déi perfekt Lockdown-Lektür, kloer gemaach. Seng elegant Traiten, déi just zwou bis dräi faarweg Zeechnungen an dëser neier Publikatioun, dreiwen een als Lieser un, loossen een derduerch fléien, och wann d'Zeenerie bal flou ass, bal just en Ausschnëtt weist, net seele surrealistesch schéngt. Um Enn daucht ee, wéi aus enger Experienz vun der anerer Zort, nees a sengem Alldag op a wëllt dat Spill souzesoen direkt nach emol.

Och wann dem Roman Muradov seng Cartoons wéi dohi gehuscht, respektiv getuscht, wierken, déi x+1 Detailer an Nuancen deiten dorop hin, datt do e Perfektionist um Wierk war, deem seng Biller a Kalligraphie seng Sprooch sinn.

De Muradov koum an Azerbaijan op d'Welt, vu datt seng Elteren Armenier waren, huet d'Famill Enn den 1980er misse flüchten. Si koumen als Refugiéen op Moskau, de Roman ass 25 Joer drop a Kalifornien ausgewandert. Hien huet als Kand weder gezeechent nach Comics gelies, mee an Amerika huet hien duerch d'Musek vun The Fall oder Auteure wéi den James Joyce, déi hien ufanks net honnertprozenteg verstoen, mee fille konnt, realiséiert, datt d'Graphic Novels fir hien den Expressiounsmoyen par excellence wieren.

Eng ideal Geschicht, sou de Roman Muradov, ass déi, bei där een nom Liesen net richteg weess, wat ee gelies huet, mee d'Welt ronderëm een huet e wéineg changéiert. Wien dëst Gefill sicht, fënnt et bei "Les aventures de Munich dans Marcel Duchamp".