Op Vältesdag, sou gelungen dat och ass, mécht sech dann awer eng reng Männer-Ekipp De Gudden Toun streideg. D'Fraen aus dem groussen Team wollten op dësem schéinen Dag héchstwarscheinlech léiwer doheem bei hire Männer sëtzen, fir se gutt ze verwinnen, a fir hinnen op en Neist hier bedéngungslos Léift ze erklären.
Dës Kéier si mat dobäi, vum Jéngste bis den Eelsten: Max Thommes, Jeff Schinker, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Roland Meyer a Pierre Puth.
Wat d'Theema ugeet, ware sech d'Häre séier eens. Sou einfach gestréckt, wéi se nun emol sinn! Et ass sech op e roude Fuedem gëeenegt ginn, deen - op Vältesdag - zwar all Moment räisse kann, ma dee grad dowéinst ëmsou méi spannend ass: "Me, Myself and I! Wat dir nach ëmmer iwwer Männer wësse wollt."