Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lesbesch Romanz am drëtten Alter

Nei am Kino

Lesbesch Romanz am drëtten Alter

An der Lëtzebuerger Co-Produktioun "Deux" kämpfen zwou eeler lesbesch Frae géint all méiglech Obstakelen, déi hirer Léift am Wee stinn. Deen éischte Long métrage vum Italieener Filippo Meneghetti, mat an den Haaptrolle Barbara Sukowa a Martine Chevallier. Trotz interessanten Usätz kann dësen däischtere Film net ganz iwwerzeegen.

auto_stories

3 min

D'Madeleine an d'Nina, eng Koppel vu pensionéierte Fraen, wëllen zesummen op Roum wunne goen. Virdru muss d'Madeleine nach hiert Appartement a Frankräich verkafen. Virun allem muss d'Fra hire béide Kanner Bescheed soen. Déi wëssen nämlech nach näischt vun där lesbescher Bezéiung mat der Nopesch. Wéi wann dat net scho schwéier genuch wier, mécht e Schicksalsschlag de Liewenspläng vun den zwou Fraen e Stréch duerch d'Rechnung ...

A sengem éischten, vun Tarantula co-produzéierte Long métrage, thematiséiert den italieenesche Realisateur Filippo Meneghetti d'Homosexualitéit am Alter. Ee Sujet, dee manner am Kino behandelt gëtt wéi gläichgeschlechtlech Léift ënner méi jonke Leit. Datt et sech ëm eeler Fraen handelt, dorënner eng, déi laang mat engem Mann bestuet war a sech net ge-out huet, ass vläicht nach méi tabu. Déi zwee Haaptpersonnagë sinn iwwerdeems alles anescht wéi Exzentrikerinnen: d'Madeleine (verkierpert vun der Martine Chevallier vun der renomméierter Comédie française) fält nach manner op wéi hir däitsch Frëndin Nina (gespillt vun der Barbara Sukowa, hei wäit ewech vum Rainer Werner Fassbinder senger "Lola" aus dem Joer 1981).

Duebelt Liewen

De Filmtitel "Deux", en einfachen, essentiellen Titel, bezitt sech an éischter Linn op d'Koppel, esou wéi wa sech d'Welt op déi zwou Persoune géif reduzéieren. Et existéiert nëmmen deen aneren, deen ee gär huet. Aus der Perspektiv vun der Madeleine, déi mat engem staarke Gewëssenskonflikt geplot ass, gëtt dat besonnesch duerch d'Kameraaarbecht ënnerstrach: d'Ëmfeld wierkt verschwommen, bis d'Nina an hiert Bléckfeld geréit an als eenzeg Persoun an aller Schäerft wouergeholl gëtt.

"Deux" huet dann och mam duebele Liewen ze dinn, dat d'Madeleine jorelaang geféiert huet: engersäits een onglécklecht Bestietnis mat hirem Mann, anerersäits déi verstoppte Léift zu enger Fra, déi si virun iwwer zwee Joerzéngten an der Vakanz an Italien kennegeléiert huet. En duebelt Liewen, vun deem d'Kanner näischt matkritt hunn, obwuel d'Nina zanter zwee Joer am Appartement just vis-à-vis wunnt. Déi Wunneng, déi de strikte Minimum enthält, wierkt wéi en Alibi, eng Kuliss, fir d'Fiktioun oprecht ze erhalen.

Obstakelen

De Realisateur Filippo Meneghetti insistéiert a sengem Film op all déi Elementer, déi der Léift tëschent den zwou Fraen am Wee steet. Dat kënne Persoune sinn, wéi déi zwee erwuesse Kanner vun der Madeleine. Oder nach d'Fra, déi sech ëm déi krank Madeleine bei hir doheem bekëmmert: fir d'Nina scho bal eng Feindin, déi hir den Zougank zu der Madeleine verspäert.

Um formelle Plang sinn et desagreabel Geräischer aus dem Alldag, déi verstäerkt gi fir ze irritéieren, wéi wann domat d'Harmonie vun der Koppel sollt gestéiert ginn. Oder nach d'Zäit, déi den zwou eelere Frae schéngt gezielt ze sinn: méi wéi eng Kéier dauchen Aueren als Motiv op. Eng al Auer, déi bei der Madeleine an der Kiche stoung, huet d'Nina ouni d'Wësse vun der Geléifter verkaf: symbolesch gëtt esou d'Zäit ofgeschaaft an ee weideren Obstakel aus dem Wee geraumt.

Et feelt e bëssen u Leidenschaft

Manner gelongen, fir net ze soen iwwerflësseg, wierken déi puer Verweiser op d'Kandheet vun der Madeleine: Flashbacken, déi dem Film eng psychoanalytesch Déift wëlle ginn. Allerdéngs gëtt dee Volet net weiderentwéckelt: déi Zeene bleiwe fir de Spectateur e Rätsel.

Och wann déi zwou Haaptrollen an "Deux" propper interpretéiert sinn (woubäi d'Barbara Sukowa am meeschten ze dinn huet), huet de Realisateur Filippo Meneghetti déi leidenschaftlech Phas vun der Bezéiung net genuch ausgebaut, fir datt ee sech voll identifizéiert a wierklech matfillt, wa se bis an dat Dramatescht kippt. Um Enn ass "Deux" an allen Hisiichten e relativ däischtere Film, deen awer net oninteressant ass.