Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur fir jiddwereen

Accessibilitéit

Kultur fir jiddwereen

D'Kulturministerin Sam Tanson huet nei Projete virgestallt, déi d'Kultur de Mënschen mat spezifesche Besoine méi accessibel solle maachen. Een dovun ass den UNESCO-Tour vun der Stad Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Fir d'Sam Tanson wier d'Inklusioun an der Kultur "essentiell", dofir hätt si sech zum Haaptzil gesat, Kultur fir jiddwereen accessibel ze maachen, esou d'Kulturministerin virun der Press. Dat géif net nëmmen duerch all d'Klassen oder duerch all d'Altersstrukture vun der Gesellschaft goen, mee "mir wëllen och Leit erreechen, fir déi et méi komplizéiert ass, an de Genoss vun der Kultur ze kommen."

De méi laange Reportage lauschterenplay_arrow

Ee Schrëtt an déi Richtung ass den Audioguide Unesco: een Tour fir jiddwereen, deen a fënnef Sproochen (däitsch, franséisch, Lëtzebuergesch, englesch an hollännesch) d'Visiteure begleet, wann en d'Festungsmaueren an d'Alstad besicht, déi 1994 op d'Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen opgeholl goufen. Et gëtt envisagéiert nach weider Sproochen, wéi zum Beispill portugisesch, an Zukunft unzebidden.

Zesummenaarbecht mat Acteuren um Terrain

An engem zweete Guide gëtt den UNESCO-Tour a liichter Sprooch an a Gebäerdesprooch ugebueden - op Däitsch, well zu Lëtzebuerg d'Gebäerdesprooch op Däitsch geléiert gëtt. Déi entspriechend Applikatioune goufen an Zesummenaarbecht mat Info-Handicap an der Hörgeschädigten-Beratung realiséiert.

Et wiere sech an Zesummenaarbecht mat den Acteuren an dem Beräich vill Gedanke gemaach gi "fir e wierklech ugepassten Text an ugepasste Visueller ze entwéckelen", seet d'Sam Tanson. De Site vun der UNESCO an der Stad wier domat deen éischten UNESCO-Site, deen eng inklusiv Visitt fir all Zorte vu physeschen a mentalen Defizienze proposéiert.

D'Accessibilitéit zu de verschiddene Plazen, déi een um UNESCO-Tour vun der Stad Lëtzebuerg besiche kann, goufen esou gestalt, datt ee mat engem Rollstull oder enger Kannerkutsch net nëmmen e gudden Zougang erméiglecht kritt, mee och eng gutt a fräi Vue op d'Attraktiounen huet.

"Fir jiddwereen accessibel"

Lëtzebuerg huet 2006 eng Konventioun ratifizéiert a sech fir den Objektiv 11 vun der Agenda vun de Vereenten Natiounen engagéiert. Dësen Objektiv gesäit vir, datt d'Stied an all Etablissementer fir jiddweree sollen oppen, sécher, resilient an nohalteg sinn.

Bei der UNESCO-Zon wier den Haaptaccent drop geluecht ginn, datt dee Patrimoine soll liewen an net just museal bewonnert ginn, mee datt en erlieft ka ginn, "an dofir muss en och fir jiddwereen accessibel sinn."

Fir datt d'Accessibilitéit zu der Kultur awer net just op den UNESCO-Tours limitéiert bleift, gi pedagogesch Formatioune fir déi Professionell vun de kulturellen Institutiounen ugebueden. D'Zil wier et, datt d'Personal besser léiere kann, wéi et de spezifesche Public kann en charge huelen, wéi d'Kommunikatioun gemaach soll ginn, a wéi een an dëser spezieller Kommunikatioun kann extra Akzenter setzen.